Am Alter vun 80 Joer
De franséische Sänger an Auteur Herbert Léonard ass gestuerwen

Den Herbert Léonard bei engem Optrëtt am Joer 2010 / © PHOTOTHEQUE LECOEUVRE / Collection ChristopheL via AFP
Den Herbert Léonard huet schonn zanter méi Laangem géint Longekriibs gekämpft.
An den 1980er Joren war hie mat Lidder ewéi "Pour le plaisir" als Sänger erfollegräich. E Sonndeg ass hien am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fra Cléo Léonard der Noriichtenagence AFP confirméiert. Hie wier um 18 Auer am Spidol vu Fontainebleau gestuerwen.
Am meeschte gelies