Mam Hit "Herz über Kopf" huet de Joris Buchholz et 2015 an d'Hitparad gepackt.

Zanter deem begeeschtert hie Millioune vu Fans. Den 10. Mäerz kann een hien dann elo och zu Diddeleng Opderschmelz live erliewen. Hie war am Virfeld schonn am Land, fir seng Tour "Zu Viel Retro" ze promoten.

Fir d'Éischt awer war hien um Eldoradio, dono haten mer d’Geleeënheet, fir mat him an d’Stad ze goen an e besser kennenzeléieren. Wéi ass et zu sengem neien Album komm? Wat ësst hien am léifsten oder wat kacht hien ëmmer doheem fir d’Famill? Vill Froen, déi hien eis gäre beäntwert huet.