"Vreckvéi" vum Max Jacoby

"Gundog" vum engleschen Auteur Simon Longman, ass ee batter-komescht Stéck iwwer Mënschen ouni Perspektiv - jonk Mënsche vum Land, déi wëssen, dass hir Ustrengungen néierens hiféieren an trotzdeem weidermaachen. "Vreckvéi" nennt sech déi Lëtzebuerger Versioun vum Stéck, déi, iwwersat vum Elise Schmit an inzenéiert vum Max Jacoby, elo am Mierscher Theater ze gesinn ass.
Vreckvéi spillt op engem Schofshaff, iergendwou an enger eideler Landschaft, wou déi zwou Schwëstere Becky an Anna ëm d’Iwwerliewe kämpfen. De Betrib dréit sech net méi, ma si hu keng Alternativ. D’Elteren an de Grousspapp sinn dout an de Brudder ass verschwonnen. Wéi aus dem Näischt daucht e Friemen op, ee Liichtbléck, deen e bësschen Hoffnung mat sech bréngt.
Am Simon Longman senger Originalversioun vum Stéck gëtt d’Liewe vun de Protagoniste mat vill britteschem Humor an an enger rauer Sprooch erzielt. Virun allem d’Pointen an d’Lëtzebuergescht ze iwwerdroe war net evident, ma d’Autorin Elise Schmit huet mat einfache Wierder eng staark Sprooch kreéiert, déi gläichzäiteg déi batter Realitéit op de Punkt bréngt an onerwaart poetesch Momenter schaaft.
Sou wéi d’Figure géint hire Misär kämpfen a sech net ënnerkréie loossen, verschafft "Vreckvéi" ee seriöt Thema op eng liicht Manéier.
Et spillen: Elsa Rauchs, Anne Klein, Dominik Raneburger, Maximilien Blom a Pitt Simon. Nach de 5. Mäerz , wéi och den 22. an 23. Mee, ass "Vreckvéi" am Mierscher Theater ze gesinn.
Weider Informatiounen zu de Virstellungen an Tickete fannt Dir hei.