Den 9. Mäerz ass et erëm esou wäit: D'Schëfflenger Kavalkad zitt duerch d'Stroossen a bréngt mat senge faarwege Kostümer, flotte Festween a gudder Laun richteg Fuesstëmmung an d'Gemeng.
 
Awer domat ass de Spektakel nach net eriwwer! Direkt duerno, vu 17:00 Auer un, geet et weider mat der grousser Fuesparty, wou keen anere wéi den DJ Raymond Delavega fir déi richteg Musek suergt.
 
Hutt Dir Loscht, mat Äre Frënn dobäi ze sinn a richteg Fueslaun ze erliewen? Dann ass dat Är Chance! Fëllt einfach de Formulaire hei aus, an mat e bësse Chance kënnt Dir direkt véier Tickete gewannen.