Eng "Autobiographie" vum Guy Helminger am Kasemattentheater
Et geet ëm Identitéit, d’Géigewaart awer och ëm Momenter aus der Vergaangenheet.
Ass all Autobiographie eng Ligen? Mat dëser Fro geet de Guy Helminger mat sengem neien Theaterstéck “E kuerze Monolog iwwer eng laang Zäit” an den Discours. Wéi den Titel et scho verréit steet de Monolog am Fokus, ma net am klassesche Sënn, wéi een sech dat vläicht virstellt. D’Stéck behandelt Theeme wéi Léift, Verloscht, Vergaangenheet a Politik, mee d’Leitmotiv ass d’Konstrukt vun der Identitéit. De Philippe Thelen ass an der Roll vum Auteur.
Jee nodeem, wou een als Spectateur sëtzt huet, en entweder méi Abléck an dem Guy seng Wunneng, oder a seng Gedanken an Erënnerungen. Duerch déi originell Bünenopdeelung ass et dem Liss Scholtes gelongen, tëscht der Realitéit an dem Guy senge Gedanken hin an hier ze sprangen an de Monolog duerch Persounen aus der Vergaangenheet ze beräicheren.
Ënnert der Bün ass dem Guy seng Wunneng, d’Realitéit. Op der Bün ginn Zeenen aus senger Gedanken oder der Vergaangenheet gewisen. Et tauchen ëmmer rëm Personnagen aus dem Guy senger Vergaangenheet op, wéi zum Beispill seng Elteren, Exfrëndinnen oder Kolleegen. D’Brigitte Urhausen an d’Jil Devresse sprangen dofir a verschidde Rollen.
“E kuerze Monolog iwwer eng laang Zäit” leeft nach vum 29. Mäerz bis de 5. Abrëll am Kasemattentheater.