De Film Fund Luxembourg an RTL hunn e Mëttwoch annoncéiert, datt si dräi Projete fir nei Serien ënnerstëtzen, déi op den RTL-Plattformen diffuséiert wäerte ginn.

Zanter 2011 hunn de Filmfong an RTL schonn eng ganz Rei erfollegräich Lëtzebuerger Serië wéi Capitani oder Marginal bei hirer Realisatioun ënnerstëtzt. Och 2024 hate si zwee Opriff fir nei audiovisuell Projete gestart.

Vu 17 Propose goufen dräi Projeten zréckbehalen, déi mat enger Zomm vun am Ganzen 110.000 Euro bei der Weiderentwécklung vum Dréibuch ënnerstëtzt ginn:

  • Verdiewen: Fiktiounsserie – Auteur : Thierry Faber – Produktioun : Samsa Film – 40.000 €
  • Immo Schroeder: Fiktiounsserie – Auteur : Louis Loschetter, Philip Michels – Produktioun : Philip Michels – 30.000 €
  • Troublemaker – D’Serie: Fiktiounsserie – Auteur : Govinda Van Maele, Roxanne Peguet, Andy Bausch – Produktioun : Samsa Film – 40.000 €

Déi dräi Produktioune wäerte spéider op de verschiddene Kanäl vun RTL ze gesi sinn.

RTL

© RTL