A wéi Agneta

© WERNER BAUM / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Nieft dem Marilyn Monroe an der Barbie-Popp ass d'Agneta Fältskog wuel déi bekanntste Blondin vun der Welt. Mat ABBA weltberüümt ginn, feiert si um Samschdeg hire 75. Gebuertsdag.
Am Alter vun net emol 6 Joer huet dat klengt Agneta aus dem südleche Schweden säin éischten Optrëtt. Kuerz dono fänkt hatt un, Piano ze spillen an eege Lidder ze schreiwen. Mat 13 kënnt déi éischt Gesangsgrupp, mat 15 den éischten Job, mat 16 ass et d'Offer, am Bernt Engharts Orkestra Sängerin ze ginn. E Produzent ass beandrockt vun der Stëmm a gëtt dem Agneta e Kontrakt. Mat der Eegekompositioun Jag var så kär (Ech war esou verléift) geet et direkt op Plaz 1 vun de schweedeschen Charts. D'Plackefirma versicht duerno, déi ambitionéiert Sängerin um däitsche Marché ze placéieren.
Ufank 1968 hëlt d'Agneta zu Berlin 2 Lidder an däitscher Sprooch op a verloobt sech en halleft Joer duerno mam Produzent Dieter Zimmermann. Enn vum Joer ass den Debutalbum prett, gëtt awer e Flopp. Kuerz dono ass et d'Opléisung vum Kontrakt an och vun der Bezéiung. Bei den Dréiaarbechten zu enger Tëleesemissioun léiert si den Teeniestar Björn Ulvaeus besser kennen. Dës frësch Liaisoun ass séier vun nationalem Interessi an dréit och hir musikalesch Friichten. De Björn ënnerstëtzt d'Agneta bei den nächsten 3 Soloalbumen a stellt seng Kolleege Benny an Anni-Frid vir. D'Chimie stëmmt tëscht deene 4, déi hei an do schonn zesummen optrieden.

© AFP
No der Hochzäit mam Björn hëlt d'Agneta 1972 d'Roll vun der Maria Magdalena un am Musical Jesus Christ Superstar. Parallel dozou produzéieren déi 4 nei, bescht Kolleegen hir éischt Single. People need love geréit zum nationale Succès, donieft suivéiere si awer nach ëmmer hir jeeweileg Soloprojeten. De schweedeschen Originaltext gëtt iwwregens vum Benny sengem Kolleeg Neil Sedaka op englesch iwwersat. No der Gebuert vun hirem éischte Kand Linda gëtt 1973 op Urode vun hirem spéidere Manager Stig Anderson de lächerleche Bandnumm "Björn & Benny, Agnetha & Anni-Frid" ersat duerch ABBA.
Aus dem schweedesche gëtt séier en internationale Phenomen. Zu gefeierte Popstare ginn déi 4, wéi se 1974 de Grand-Prix Eurovision de la Chanson gewannen. D'Popularitéit kennt an der Suite keng Grenze méi a féiert beim Agneta lues mä sécher zu gesondheetleche Problemer. An zu Spannungen an der Bezéiung - op Chrëschtdag 1978 zitt d'Sängerin mat de Kanner aus. Déi privat Trennung féiert awer net direkt zur ëffentlech kolportéierter Opléisung vun der Grupp. Déi kënnt 1982.

© AFP
D'Agneta fiert duerno mat hirer Solokarriär weider, déi eigentlech nëmme vun der ABBA-Zäit ënnerbrach gi war. Ugangs nach vun Erfolleg gekréint, rëtschen d'Produktiounen an de Joren duerno awer lues a lues méi wäit no ënnen an den Hitparaden. Doru kann och en Album mam Chicago-Sänger Peter Cetera näischt méi änneren. 1988 zitt d'Agneta sech fir Joren zréck. D'Motivatioun ass fort - a bleift et. Ëmmer rëm gëtt an de Joren duerno spekuléiert, mä souguer fir eng Milliard Dollar loossen déi 4 sech net méi zesummen op d'Bün lackelen.
2004 ass et de Comeback vum Agneta mat engem neien Album. Den Hype dauert awer net laang, an och soss weist si sech net dacks an der Ëffentlechkeet. 2008 gëtt zu London déi éischte gemeinsam ABBA-Foto zanter 1986 gemaach, wéi déi 4 Museker sech op der Première vun der Mamma Mia!-Musical-Verfilmung gesinn. 2013 ass et engersäits nach e Soloalbum, dee kuerz a knapp A heescht, an, eng Zesummenaarbecht fir de gudden Zweck mam Gary Barlow. Fir déi éischte Kéier zanter 25 Joer steet d'Agneta rëm op enger Bün.
D'Stëmm ass geräift, awer nach ëmmer do. Vun 2017 un huelen déi 4 Museker nees zesumme nei Lidder op. Parallel dozou produzéiere si en Hologramm-Concert mat digitalen Avataren, déi ABBA vu 1979 duerstellen, kombinéiert mat neien Tounspueren. Technesch Problemer an d'Covid-Pandemie féieren awer dozou, dass Voyage-Album a -Concert eréischt 2022 hir Première feiere kënnen.
Quasi op den Dag 50 Joer no hirer Victoire beim ESC kréien déi 4 bekanntste Schwede vun der Welt d'lescht Joer vun hirem Kinnek Carl Gustaf de sougenannte Wasa-Uerden iwwerreecht.

© HENRIK MONTGOMERY / TT NEWS AGENCY / TT News Agency via AFP
Grattis på födelsedagen, Agneta!