"Heemecht ass ee Gefill, dat duerch Mënsche kënnt, an net duerch Plazen"
De Buedem, an deen ee seng Wuerzele schléit - et ass eent vun den zentralen Theemen an den Aarbechte vun der Kënschtlerin Dijana Engelmann.
De Buedem ass der Dijana Engelmann hiert Aarbechtsmaterial. Wat méi lokal, wat besser. D'Kënschtlerin schafft mat Leem an zanterdeem si zu Lëtzebuerg lieft, huet si och de Lëtzebuerger Buedem fir hir Aarbechte fir sech entdeckt.
D'Matière-première ass an hirem Schafe kee bloussen Niewegedanken, si hëlt eng Haaptroll an. Dacks produzéiere Kënschtler op Pabeier a bestellen hir Materialien dann, fir d'Wierk vum Blat an d'Realitéit ze huelen. "Dat ass och ok", seet Dijana Engelmann. "Mee ech produzéiere meng Konscht am léifste selwer - vun der Iddi, zum Material a bis bei d'Endprodukt."
Et huet fir si och eppes vun engem Ritual. "Et fënnt een e Material, et verbënnt ee sech mat dem Material an et entwéckelt een eppes mat ëm."
Plazen an hir Geschicht als Inspiratiounsquell
D'Natur zu Lëtzebuerg, ma och déi vill verloossen Industriegebitter am Süde vum Land hunn d'Kënschtlerin staark inspiréiert, wou si 2019 op Lëtzebuerg koum. "Doduerch koum ech op vill Metall, vill Eisen. An dunn hunn ech eng Recherche iwwer d'Zigel-Fabricken zu Lëtzebuerg gesinn an dat huet mech u meng Aarbecht un der Uni erënnert."
Wéi schonn an hirer Studienzäit, wou d'Dijana Engelmann Skulptur un der The Arts Academy am kroatesche Split studéiert huet, huet si nees ugefaangen, d'Proprietéite vum Buedem ze ënnersichen, fir erauszefannen, wéi een d'Eegenschafte vum Minett-Leem am beschten an de Keramiken erausbrénge kann. Wann een der Kënschtlerin nolauschtert, kléngt d'Sich no hirem "Geheimrezept", wéi si et nennt, e bëssen no Alchimie.
De Buedem am Süde vum Land, deen d'Dijana Engelmann fir hir Skulpture selwer an de Bësch sichegeet an dee si duerch e Filterprozess zu benotzbarem a brennbarem Leem mécht, richt scho beim Verschaffe staark no Eisen. Et ass dann och deen Eisenundeel, deen de Figuren nom Brennen am Uewen seng charakteristesch rout Faarf gëtt. De Buedem am Minett erënnert si un deen an hirer Heemechtsstad Split a Kroatien. "Fir mech war et ëmmer wichteg, lokal ze schaffen. Déi Plazen, déi ech besicht hunn, wou ech gelieft hunn, déi Kulturen, déi ech a mir droen."
Als fréiert Flüchtlingskand huet d'Wuert "Heemecht" eng aner Bedeitung
Datt der Dijana Engelmann hir Aarbechten esou staark mat de Plaze verwuerzelt sinn, vun deene se kommen, ka bal verwonnerlech wierken, wann een hir eege Geschicht kennt. Als Kand hätt si sech ni wierklech enzwousch zougehéiereg gefillt, seet si vu sech selwer. Hir Heemecht Kroatien huet d'Famill an den 90er Jore misse verloossen, wou de Krich ausgebrach ass. D'Famill ass no villem hin an hier zu Hamburg gelant, wou si zesumme mat anere Krichsflüchtlingen um Schëff "Bibby Challenge" op der Elbe gelieft hunn.
"Heemecht war fir mech ni eng Plaz, well et ëmmer gewiesselt huet", esou d'Kënschtlerin. "Dat eenzegt, wat fir Flüchtlingskanner a verdriwwe Kanner wichteg ass, dat ass d'Famill. Dat wichtegst a mengem Liewe war, datt meng Mamm do war, mäi Papp. Wou si waren, war et ok." Frëndschaften, Connectiounen, Famill - dat ass dat, wat d'Dijana Engelmann sech ënner 'Heemecht' virstellt. "Et ass ee Gefill, dat duerch Mënsche kënnt, an net duerch Plazen."
Hir Mamm hätt am Laf vun hirem Liewen dräi Haiser verluer, erkläert d'Dijana Engelmann. Eent dovunner war d'Haus a Bosnien, an deem hir Famill zanter Generatioune gelieft hat. Wou hir Mamm a Kroatien ukomm ass, sinn hir vun där Plaz just Erënnerungen an eng Wallis voller Fotoe bliwwen. Dorunner géif ee mierken, datt et net vill Sënn mécht, sech u materielle Saachen - Haiser, Grenzen - festzeklameren. "Si ass an hirem Liewe 26 Mol geplënnert, ech 27 Mol. Eng Kéier méi, wéi si!", geckst d'Dijana Engelmann am Interview.
"Ech kann ni soen, datt Plaze mech halen, an ech halen och net d'Plazen. Dat ass dann och d'Thema vu menger nächster Ausstellung. Raim, déi mir besëtzen, a Raim, déi mir net besëtzen." Do fléisst och d'Iddi vum natierleche Kreeslaf mat eran. Natur gëtt zur Konscht, déi dann nees zur Natur ka ginn. "Meng patinéiert Keramik an d'Metall kënne recycléiert ginn a si biodegradabel." Domat wëll si mat hirer Konscht d'Ëmwelt an d'Zykle vun der Natur respektéieren.
Hir éischt Solo-Ausstellung "Panta Rhei – Räume, die wir (nicht) tragen" huet d'Dijana Engelmann vum 6. bis den 29. Juni an der Maison de la Culture zu Diekrech. Vernissage ass de 5. Juni ëm 18.30 Auer. Tëscht dem 15. September an dem 14. November huet si dann nach eng Residence am Bridderhaus zu Esch, wou een der Kënschtlerin bei der Aarbecht kann nokucken.