Franséische Sänger kënnt mat 45 Museker an de Grand-Duché

© AFP
Am Interview mat RTL Infos schwätzt de Marc Lavoine iwwert seng Tour, bei där hien en Donneschdeg och an d'Rockhal kënnt.
Begleet gëtt de Mann, dee fir ""Elle a les yeux revolver" bekannt ass, vum Symphonie-Orchester Thionville-Moselle. "Dat gëtt fantastesch", erzielt de Lavoine. "Et ass bal net ze gleewen, wann ee mat 80 Museker zesummeschafft. Op der Bün selwer wäerten der iwwer 40 mat dobäi sinn." Ugebuede gëtt eng Rees duerch d'Karriär vum Sänger, deen zanter 40 Joer aktiv ass.
"All meng Lidder wäerte komplett anescht sinn, wa se zesumme mat engem Orchester opgefouert ginn", esou de Marc Lavoine, deen awer och verséchert, datt sech u sengem Gesang näischt verännert. Am noosten un d'Original kënnt mat "Elle a les yeux revolver" wuel eent vu senge bekanntste Lidder erun. D'Lidder kréien duerch d'Orchester awer e bëssen en Touch vu Filmmusek, "e bësse wéi an de Western- oder den Adventure-Filmer", erkläert de Sänger, deen d'Tour mam Orchester vu Sofia geprouft huet. D'Museker, mat deenen hien an der Rockhal optrëtt, hat hien zum Zäitpunkt vum Interview nach net kennegeléiert.
De ganzen Interview mam Marc Lavoine fannt der op RTL Infos.