Wéi schonn d'Joer virdrun d'Madonna et gemaach huet, wäert d'Sängerin op der Copacabana, op enger riseger Bün op der Plage optrieden.

Erwaart gi fir de Concert, deen der lokaler Wirtschaft iwwer 90 Milliounen Euro an d'Keese spulle soll, eng 1,6 Millioune Fans. Esou vill koumen am Mee zejoert op der Madonna hiren Tour-Ofschloss. Och dee Concert war gratis an hat eng 60 Milliounen Euro agespillt.