Die Toten Hosen komme fir den Optakt vun hirer Tour op Lëtzebuerg

© YING TANG / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Wéinst dem Numm vun der Tour gëtt sech d'Fro gestallt, ob et eng Aart Abschid vun der däitscher Band ass.
Die Toten Hosen ginn eng weider Kéier op Tour. Dat huet déi däitsch Band, déi et schonn zanter 1982 gëtt, e Sonndeg annoncéiert. Ënnert dem Motto "Trink aus! Wir müssen gehen" spille si tëscht dem 8. Juni an 12. September 2026 17 Concerten, dat an der Schwäiz, Éisträich, Däitschland an zu Lëtzebuerg. An den däitsche Medien an och an de sozialen Netzwierker gëtt doriwwer spekuléiert, ob et sech wéinst dem Numm ëm déi lescht Tour vun der Rockband handelt.
An der Rockhal zu Esch-Belval sinn de 7. an den 8. Juni 2026 zwee Concerten.