Street Photography ass e Genre dee ganz beléift ass an och méi einfach an den Alldag ze integréieren ass. Dat beweist och d‘Editioun vun dësem Joer.

De Light Leaks Festival setzt all Joer fir e puer Deeg de Fokus op d’Street Photography. De Festival gëtt et elo schonn zënter 9 Joer a fir dës Editioun sinn d’Membere vum Kollektiv méi aus de gewinnte Mauere vun de Rotonden erausgaangen. Bei d’Leit goen an hiert Ëmfeld an hiren Alldag involvéieren. Dat war Devise fir de Projet «mäi Quartier » op der Stroossbuerger Plaz. Am Kader vum Light Leaks Festival hunn d’Organisateuren de Leit di do wunnen oder schaffen eng Wegwerfkamera gi fir hir Perspektiv op de Quartier ze weisen.

«Aus eiser Perspektiv war de Garer Quartier en immens interessante Quartier well vill geschitt. Et huet vill Bedeitung, et ass vill Entwécklung, et gëtt vill gebaut. Et ass zum Deel e problematesche Quartier mee et ass awer och e séier wuessende Quartier an all déi Aspekter kommen eben hei zesummen. Wat mir witzeg fonnt hunn war eben de Leit di hei all Dag sinn zu Wuert kommen ze loossen a visueller Form». (Dirk Mevis vum Street Photography Kollektiv )

Ronn 40 Kamerae goufen un d’Leit aus dem Quartier verdeelt.

«Ech mengen am Ufank war jiddereen immens begeeschtert, an et ass dann awer Aarbecht all Dag eng Kamera matzehuelen a Fotoen ze maachen. Op der aner Säit sinn d’Leit mengen ech och ganz frou hir Perspektiv ze weisen, an ze weise wat si all Dag gesinn. Dat sinn dann och déi Bijouen di mir herno entdeckt hu wéi mir d’Fotoe gekuckt hunn.» (Dirk Mevis vum Street Photography Kollektiv )

Duerch de Chantier an der Rotonde, gëtt et dëst Joer haaptsächlech eng Open Air Ausstellung. D’Philosophie vum Light Leaks Festival ass et e participative Volet ze hunn, wou jidderee ka matmaachen a wou d’Facette vum Medium kënnen exploréiert ginn.

«Di Collaboratioun mat de Lycéeën an de jonke Leit ass och e wichtegen Deel fir Diffusioun vum Medium. Mir wëllen net d’Iddi verbreeden datt d’Fotografie fir eng Elite bestëmmt ass » esou de Paulo Lobo vum Street Photography Kollektiv.

Beim Genre vun der Street Photography geet et virun allem drëm urban Geschichten ze erzielen. E Spill mat der Luucht, der Architektur an de Leit.

«Mir sichen net ëmmer di spektakuläerste Foto, mir sichen d’Magie. Kleng Momenter di beemol zu enger grousser Geschicht ginn. Dofir ass d’Gare och fir eis eng ganz schéi Plaz well do geschéien immens vill Saachen an et komme vill Kulturen zesummen.» (Paulo Lobo - Street Photography Kollektiv)

Bis den 18. Mee kann ee vun engem villsäitege Programm profitéieren, vu Workshoppen, Konferenze bis zu engem Bichermaart. A wie mam Zuch kënnt, wäert dann och schonn di éischt Bijoue vun der Stater Fotothéik an der Passerelle entdecken.