Die Toten Hosen annoncéieren Zousaz-Concert zu Esch

© AFP/Archiv/AXEL SCHMIDT
Déi däitsch Kult-Band Die Toten Hosen kommen op Lëtzebuerg - a spillen elo esouguer op zwee Owender!
Nodeems de Rendez-vous zu Esch den 8. Juni 2026 bannent kuerzer Zäit ausverkaaft war, huet d'Band annoncéiert, nach eng weider Show an der Rockhal ze spillen. Déi ass den Dag virdrun, also Sonndeg de 7. Juni 2026. De Virverkaf goung en Donneschdeg ëm 17 Auer lass, ma schonn e Freideg waren all d'Ticketen vergraff.
"Mir si glécklech iwwer d'Well vun der Begeeschterung a Virfreed, déi eis an de leschten Deeg entgéintgeschloen ass. Et ass ee Geschenk, dësen Ofschnëtt vun eiser Rees am nächste Joer zesumme mat iech feieren ze dierfen."
Déi zwee Stadion-Concerten zu Düsseldorf wiere bannent dräi Minutten ausverkaaft gewiescht, an och fir Köln, München, Frankfurt, Nohfelden beim Bostalsee, an Esch waren d'Tickete séier fort. Wéinst der grousser Demande goufen Zousaz-Concerten annoncéiert, dat fir Köln, München, Nohfelden an eeben Esch.