Dir sidd Fan vun historeschen Autoen, eleganten Oldtimer a Rennautoen?

Dann hutt dir elo d’Chance, zesumme mat RTL an dem Classic Day Schëtter, e puer flott Kaddoen ze gewannen.

Kommt alleguer de 24. a 25. Mee 2025 op de Campus an der Dällt zu Schëtter!

Hei erwaart iech e spannende Weekend voller nostalgescher Gefierer a spektakulärer Motorsport-Momenter.
Egal ob Grouss oder Kleng – fir jiddereen ass eppes dobäi.
D’Evenement gëtt begleet vu Live-Musek, enger Foodmile, enger gemittlecher Cigar Lounge an och enger Cocktailbar.
Als Highlight gëtt et och e Public Viewing vun der Formel 1, fir déi richteg Stëmmung ze garantéieren.

Maacht mat beim Quiz, beäntwert all dräi Froe richteg a gewannt mat e bësse Chance e puer flott Kaddoen.
Wat gëtt et ze gewannen? Eng Corbeille vu Kirsch oder Crémant inklusiv Gedrénksbonge fir d’Event.

Vill Gléck!