D'Halleffinall vum internationale Gittar-Concours am Stater Conservatoire
9 Gittaristen aus der ganzer Welt hu sech am Stater Conservatoire Rendez-vous gi fir d’Halleffinall vum internationale Gitars-Concours am Kader vum Festival De Guitare. Et geet ëm e Präisgeld vun am ganzen 8.000€, de Jean-Marc Turmes war lauschteren.
Et ass ewell déi 4. Editioun vun deem Guitars-Concours, deen zwee Proffen aus dem Stater Conservatoire organiséieren.
Dem Hany Heshmat: "Et ass ganz wichteg fir d’Museksschüler ze gesi wat méiglech ass wa si wierklech vill üben, an dat jorelaang, fir op e ganz héije Niveau ze kommen."
An och wann een als Gittarist bis en héije Niveau erreecht huet, bedeit dat net, datt een einfach mol esou ka bei engem Concours matspillen. De Paolo Besson: "C’est une préparation qui s’étale sur plusieurs mois. On travaille vraiment longtemps. Même si c’est un moment qui ne dûre que vingt minutes sur scène, ca demande peut-être des milliers d’heures de travail. C’est une préparation sur le long-terme."
32 Aschreiwungen aus der ganzer Welt gouf et ufanks. Am Abrëll gouf et en éischten Tour iwwer Video op Youtube.
Iwwreg bliwwe si 9 Kandidaten aus 8 verschidde Länner, déi e Freideg de Moien an der Halleffinall ugetruede sinn.
Wichteg fir de Jury ass net nëmmen dat technescht Kënnen.
Den Dieter Kreidler: "Wie wirkt der Spieler auf der Bühne? Was hat er für eine Ausstrahlung? Wie kommuniziert er mit dem Publikum? Spielt er nur für sich, oder spielt er eine Message?”
De leschten Tour vum internationale Gittars-Concours, mat nach 4 Finalisten, ass e Sonnden um 17 Auer an der Philharmonie, den Entrée ass fräi.