Dëse Weekend ass déi 28. Editioun vun de Luxembourg Museum Days.

Eemol d’Joer sinn dofir verschidde Muséeën uechtert d’Land gratis op an invitéieren d’Visiteuren hir Kollektiounen, temporär Ausstellungen a besonnesch Programmer ze entdecken.
 
E Samschdeg de Moien um 10 Auer war et nach e bësse méi roueg an der Stad. E puer Leit haten de Wee an d’Muséeën awer scho fonnt, ma mat Braderie a Mäertchen am Zentrum war allerdéngs net jidderee geplangt am Musée. Vill Leit ware souwisou ënnerwee, oder als Touristen zu Lëtzebuerg a sinn zoufälleg op d’Museum Days opmierksam ginn.
 
Wärend den Nuits des Musées, déi jo traditionell um Enn vum Joer organiséiert ginn, maachen nëmmen d’Stater Muséeën op. Dat ass bei de Museum Days awer anescht, well hei sinn zanter 2010 och vill regional Muséeën dobäi. Bei dëser 28. Editioun maachen der insgesamt 38 mat an dat duerch dat ganzt Land verdeelt.
 
Natierlech dierf do e besonnesche Programm net feelen. Nieft den normalen Ausstellungen, déi een och de Rescht vum Joer ka kucke goen, bidde vill Muséeën dëse Weekend sëllegen Aktivitéite vu Visite-guidéeën iwwer Workshops fir Kanner an Erwuessener bis hin zu Performancen oder Concerten un.
 
Esou kann een zum Beispill am Nationale Brauereimusée zu Wolz en extrae Béier schmaachen an och bei sengem Hierstellungsprozess dobäi sinn. Dëse gouf sech extra fir dëse Weekend ausgeduecht a nennt sech Bière de la paix. D’Braumeeschteren aus dem Musée hunn dofir probéiert aus all Kontinent een Ingredient an dëse Béier afléissen ze loossen. De ganzen Dag iwwer kann een, egal wéini een an de Musée kënnt, beim Atelier matmaachen an déi Etappe vun der Hierstellung, déi deen Ament grad amgaangen ass, materliewen an de Béier duerno och schmaachen.
 
Wat et nach fir Muséeë wärend de Luxembourg Museum Days ze entdecke gëtt, fannt Dir hei an natierlech sinn och e Sonndeg nach vun 10 bis 18 Auer d’Diere fir Iech op.