ESC-Village zu Schëffleng war de Weekend gutt besicht
Nodeems d’Halleffinall leschten Donneschdeg scho vill Fans op Schëffleng gelackelt huet, waren e Samschdeg nach e Krack méi Leit op der Plaz.
D'Eurovisioun war zu Basel an der Schwäiz, mee och hei Land sinn d’Fans op hir Käschte komm. Schonns d’lescht Joer gouf et riets a lénks méi kleng Eventer ronderëm den ESC, ma dëst Joer huet een zu Schëffleng déi grouss Bün ausgepaakt.
Véier Deeg laang stoung zu Schëffleng op der Place de la Liberté alles am Zeeche vum grousse Gesangsspektakel. Nieft dem traditionelle Street Food Festival mat ronn 20 Foodtrucks an dem Public Viewing fir d’ESC-Emissioun, hunn och DJ’en a Sänger fir Stëmmung gesuergt. D’Organisateuren, d'Folklorama Asbl, zitt ee positive Bilan.