Groussen Theater stellt neie Programm vir

© Johan Persson
An dëser Saison hat den Theater 25 Prozent méi Spectateuren.
Et war och fir de Groussen Theater net sou, datt no der Pandemie d'Visiteuren direkt all zréckkomm sinn. Esou lues erhëlt et sech awer rëm an et kënnt een den Zuele vu virun der Pandemie erëm méi no, sou den Dënschdeg de Moien den Direkter vun de Stater Theateren Tom Leick-Burns. Iwwer 56.000 Leit hunn deemno den Theater besicht an e Sondage vum Kulturministère weist dann och, datt d'Haaptstad weiderhin de kulturellen Hotspot ass, net nëmme wat Theateren ugeet.
En Dënschdeg gouf dann och op der Pressekonferenz am Groussen Theater déi nei Saison 25/26 virgestallt. Den neie Programm steet ënnert dem Thema: "Mémoire et héritage". An dofir gouf dann och als éischt d'Zitat vum britteschen Dänzer a Choreograph Akram Khan ageblent: "Without a past, there is no future." Et geet drëm, kollektiv, individuell, historesch an zäitgenëssesch Geschichten op d'Bün ze bréngen an dat an de verschiddenste Formen.
Nei Saison 25/26
Den Theater als Plaz vun Echangen, Kommunikatioun, Kreatiounen an Decouverten. Ënnert dem themateschen Zyklus sinn dann och zwou nei Kreatiounen an eng Reprise dobäi. De Programm vum Theater setzt sech wéi all Joer aus de verschiddenen Disziplinne wéi Oper, Danz, Musek an Theater zesummen. Ma och d'Kollaboratioun mat de Jonken an de Schoule fënnt ëmmer méi Plaz am Theater. Sou gëtt et och an der neier Saison erëm Produktiounen, wou de Fokus op de Jugendleche läit. Eng wichteg Zesummenaarbecht, fir entweder Nowuess ze forméieren oder d'Loscht, fir an den Theater ze goen, ze fërderen.

© Lucie Jansch
Déi nei Saison huet allefalls e puer Highlighten a grouss Momenter: vun der Rocky Horror Show, dem Märchen Hänsel & Greidel, dem Swan Lake, bis hin zu engem "Musclical", wou Sportoutilen zu Museksinstrumenter ginn.
Dobäi kënnt, datt ëmmer weider dru geschafft gëtt, den Theater méi inklusiv ze gestalten. Wat konkret heescht, manner Barrièren ze hunn. Dozou gehéiert d'Autodescriptioun, déi live op der Plaz geschitt, Vesten, déi vibréieren an am allgemenge méi Ënnertitelen, fir kee sproochlech auszegrenzen. Déi nei Saison 25/26 ass wéi gewinnt multilingual: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.