Garden Sounds Festival 2025

Garden Sounds 2025 / © COOPERATIONS
Och dëse Summer verwandelt sech dee moleresche Jardin Wiltz nees an eng Festival-Oas.
Den Optakt maachen d’Garden Sounds, ee Festival, deen de Gaart an eng lieweg Open-Air-Bün fir Indie- a Latin-Pop vum Feinste verwandelt.
Bwana, Seed to Tree, Kids With Buns an de Gizmo Varillas loossen de 24. Mee am Jardin de Wiltz Kultur an Natur matenee verschmëlzen.
Bwana
Bwana ass de Shoegaze-Indie-Pop- an Alternative-Museksprojet vun der belscher Musekerin Friedel Dufait. Si ass bekannt fir hir melancholesch Gittarskläng an hiren déiwe, kraaftvolle Gesang, an deem harmonesch Polyphonie eng zentral Roll spillt.
Seed to Tree
Déi Lëtzebuerger Indie-Rocker vu Seed to Tree kombinéieren Elementer aus Shoegaze, Folk, New Wave a vu Bon Iver inspiréiertem Indie-Pop. Mat der EP A Little Life, déi 2023 erauskomm ass, huet d’Band eng nei Richtung ageschloen. D’Resultat: nei Melodien, méi Elektronik a méi Pop-Faktor.
Kids With Buns
Lidder, déi iwwer Joren ewech entstane sinn, mat Texter aus perséinlechen Tagebicher a Gittarsakkorden, déi am Schlofzëmmer komponéiert goufen – Kids With Buns ass en Indie-Pop-Projet, dee musikalesch an thematesch Grenzen iwwerschreit. Mat ganz vill Éierlechkeet verwandelen déi jonk belsch Kënschtlerinnen Marie Van Uytvanck an Amber Piddington hir déifsten Emotiounen a Musek.
Gizmo Varillas
Dee spuenesche Museker Gizmo Varillas, deen am brittesche Brighton lieft, verbënnt gekonnt Elektro-Pop, latäinamerikanesche Folklor a Funk. Mat senger neister EP Under The Weight erlieft een e genreiwwergräifende Sound, dee souwuel introspektiv wéi och danzbar ass.

Garden Sounds Family Day / © COOPERATIONS
Sonndes de 25. Mee ass de Garden Sounds FAMILY DAY, ee kreativen Dag fir déi ganz Famill – mat Tattoo-Studio, Hip-Hop-Workshops a mageschen Zauberkënscht.
Den Optakt vum Dag maachen déi Weeltzer Bémöllecher, de Jugendensembel vun der Weeltzer Musek. D'Nikki Ninja & Afrobeathoven hu Wuertwitz, cool Beats a schlau Reimereien ze bidden. Den Jonn Happi verzaubert mat Jonglerie, Gläichgewiichtskonscht, Danz a mat selwergemaachtem Magic Popcorn. Donieft kann ee sech och op d'Silent Disco mat der DJ Mambo Da Banda freeën.
Wärend d’Kanner sech an der Konscht ausprobéieren, u Spiller deelhuelen oder spannend Geschichten erfannen, kënnen déi Grouss regional Spezialitéiten, e gudde Patt an déi eenzegaarteg Festivalambiance genéissen.
Ticketen a weider Informatioune ginn et hei.