Wa Kandheetsdreem Realitéit ginn
Et ass fir een DJ wuel mat dat Gréisst, wat een erreeche kann: Um Tomorrowland virun dausende Leit opleeën, déi dann op déi eege Musek danzen.
dat ass beim NOSI de Fall. De jonke Lëtzebuerger gehéiert zum Line-Up vum Tomorrowland am Summer an der Belsch. Dat ass zanter ugangs der Woch bekannt. "Et ass nach ëmmer alles nei, et ass nach ëmmer alles iwwerwältegend, och fir mech selwer. Och déi Headline ze gesinn, dass ech do spillen." , erzielt hien am Interview. "D'Tomorrowland ass esou bësse wéi d'Olympesch Spiller fir Sportler. All Mënsch wëll eng Kéier dohinner."
Den Eric Nosbusch huet als "DJ NOSI" virun 8 Joer säin éischten EDM (Elektronesch Danz Musek) Mix erausbruecht. Zanter deem huet hie scho vill Meilesteng a senger Karriär erreecht. Nieft sëllegen Optrëtter zu Lëtzebuerg an am Ausland huet hien och scho fir bekannte Kënschtler aus der Zeen als Viract gespillt. 2023 huet hien zum Beispill als Opener vum Paul Kalkbrenner gespillt an d'lescht Joer ass hie virum Calvin Harris opgetrueden.
Et war och op engem Optrëtt, bei deem ee Responsabele vum Tomorrowland op hien opmierksam ginn ass. "Dee war am Publikum a war begeeschtert vu mengem Set an huet mir duerno geschriwwen, ob mir kéinte schwätzen." erënnert hie sech un d'Show, déi hien am Februar gespillt huet. Hie war de Support act vu BUNT. Den Erfolleg ass awer och eng Konsequenz aus jorelaanger Aarbecht: "Ech mengen, et si puer Saachen, déi zesumme kommen. Mam Lidd, mat "So Good", wat do alles geschitt ass. An déi Aarbecht, déi ech scho jorelaang maachen hei zu Lëtzebuerg an am Ausland."
"So Good", dass ass d'Lidd, dat den DJ a Produzent am Februar rausbruecht huet. Et ass och direkt viral gaangen an ass ënner anerem vum Formel 1 Fuerer Lando Norris an engem Instagrampost genotzt ginn. An iwwer 23 Millioune mol bis elo gestreamt ginn, eleng op Spotify.
Den 19. Juli trëtt hien dann elo och um Tomorrowland op. Domadder geet fir hien och een Dram an Erfëllung: "Ech sinn och frou, well et ass net just fir mech, mee fir déi ganz DJ-Zeen hei zu Lëtzebuerg eng Dier, déi elo opgaangen ass. Wou net nëmmen ech dovunner profitéiere wäert long terme, mee och aner Museker a Kënschtler." Hie wär iwwerzeegt dovunner, dass et nach aner DJen hei am Land ginn, déi nach méi Bün verdéngt hätten.
Wéi genee säin Optrëtt am Juli wäert ausgesinn, kann hien nach net soen. All Set wär anescht, vun der Musek hier, déi gespillt gëtt, awer och ofhängeg vun der Plaz, de Leit an der Stëmmung. "Mäin Zil ass et, esou vill Identitéit NOSI ze spillen wéi ech kann.", kann hien eis awer scho verroden.
Hien plangt och elo nach weider Lidder ze produzéieren, déi hien dann och um Tomorrowland spille kéint: "Ech schaffen u ganz ville Lidder, ganz villen Demoen. Wat als nächst kënnt, hu mir nach net decidéiert. Mee et si mega vill Lidder an der Pipeline. An da musse mir einfach kucken, wéi eng déi néideg Qualitéit hunn a wéi eng net. Dat ass ëmmer ee ganze Prozess, wou een d'Lidd dann nach eng Kéier lauschtert an da kuckt, wat een nach ka besser maachen. Dat heescht, mir kucken sou vill Lidder wéi méiglech nach rauszebréngen."
An Enn des Joers soll eng EP rauskommen.