10 Deeg voller Renconteren, Echangen a Spektakelen.

2016 haten d’Stater Theateren, zesumme mam Théâtre du Centaure, den TalentLAB an d’Liewe geruff, mat der Intentioun den Dialog tëscht etabléierten an opstriewende Kënschtler, dem Public an den Institutiounen ze fërderen.

Den TalentLAB ass ee Laboratoire fir Projete vun der duerstellender Konscht. Eng Plattform, op där sech national an international Kënschtler aus de Beräicher Theater, Danz an Oper austauschen, weiderentwécklen an ënner optimalste Viraussetzunge schaffe kënnen. 
Et geet drëms mat Projeten ze experimentéieren, déi nach an de Kannerschong stiechen, Iddien ze testen, an iwwerdeems nei pluridisziplinär Formen ze fannen.

31 Kandidaturen aus 10 Länner weltwäit goufen dëst Joer op den appel à projets hin agereecht. 6 dovunner goufen der vun engem professionnelle Jury fir dës 10. Editioun vum TalentLAB zeréckbehalen. 
Wärend hirer Residenz hei zu Lëtzebuerg ginn déi opstriewend Talenter, déi hannert deene selektionnéierte  Projete stiechen, vun etabléierte Kënschtler – enger Mentorin oder engem Mentor – am Kreatiounprozess encadréiert, guidéiert a forméiert. 
 
Déi 6 Projete sinn:

-          Mon Odysée vum Jin Xuan Mao (Frankräich)
-          The Empire is Collapsing and I’m doing my F**king Laundry vum Liam Rees (England/Irland)
-          We at the Nightclub Suffer Together vum Diego Braga (Portugal)
-          The Undergrounds of the Possible vum Maya Balam Mayong (Lëtzebuerg)
-          Olga et Ysé vum Iris Laurent (Frankräich)
-          Bête de Foi vum Ashton Laffineur (Lëtzebuerg)

Den TalentLAB ass awer net just eng Plattform fir Artisten, ma och ee Festival fir dee grousse Public.
No 10 Deeg intensiver kreativer Aarbecht mat hiren Ekippen an hire Mentor*innen, presentéieren déi verschidde Kënschtler dem Public d’Resultater vun hire Recherchen. Dat a Form vu Maquettë vu jeeweils 20 Minutten.

Nieft dëse Presentatioune stinn awer och nees Workshoppen, Master Klassen, Table-ronden a Spektakelen um TalentLAB-Programm.

The Great Chevalier (30. Mee, 18h00 & 1. Juni, 11h00 & 15h00)

De Monsieur Chevalier, enfant terrible vum zäitgenëssesche Folklordanz an artisteschen Direkter vum "Ballet National Folklorique du Lxembourg", ass op Besuch an der Villa Vauban. An der Produktion "The Great Chevalier" léisst sech deen éiergäizege Regisseur a Choreograf, deem seng Optrëtter sou selten wéi emotional intensiv sinn,  vun Evenementer inspiréieren, déi déi Lëtzebuerger Kulturlandschaft gepräägt hunn. Duerch déi universell Sprooch vum Danz,  bréngt de Personnage M. Chevalier de Folklor mat senge groussen a klenge kollektive Geschichten zum Ausdrock.

Tragédie

Ee Fliiger ass erofgefall. Aus dem futtise Wrack op der Büne triede 16 jonk Schauspiller:innen ervir, déi hir Studien zesumme gemaach hunn a sech gutt kennen. 
Am Stéck  geet et awer net ëm d'Fligerkatastroph usech, ma ëm d'Katastrophewelt, an där déi jonk Leit haut liewen.
"Tragédie" ass d'Ofschlossstéck vum "Studio 7" vun der École du Nord, dat vun de Parrainen David Bobée  an Éric Lacascade an der Marraine Éva Doumbia begleet gëtt.

Den 31. Mee, vun 10h30 un, gëtt am Groussen Theater och ee Workshop zum Stéck "Tragédie" organiséiert.

Quiet Songs (2. & 3. Juni, 20h00)

RTL

Quiet Songs / © Helen Murray

Zesumme mat United Instruments of Lucilin, loossen de Finn Beames & Company (Gewënner vum Oxford Samuel Beckett Theatre Trust Award 2024) am Groussen Theater d'Produktioun "Quiet Songs" nees opliewen. D'Performance mat der Oscar-nominéierter Actrice Ruth Negga, ass eng spannend Mëschung aus Theater a Musek.  "Quiet Songs" erzielt d'Geschicht vun engem Teenager, en Affer vu Mobbing, dee probéiert sech a seng Stëmm erëmzefannen.

Soirées anniversaires (4. & 5. Juni)

Am Kader vun den 10 Joer TalentLAB, organiséieren de Kapuzinertheater an de Groussen Theater zwee Gebuertsdagsowender, op deene kuerz Versioune vu Projete vu Kënschter gewise ginn, déi an der Vergaangenheet schonn um TalentLAB deelgeholl hunn.

Workshop mam Anne-Cécile Vandalem (5. Juni, 14h00)

Am Kapuzinertheater kënnen Amateuren a Professioneller un dësem Schreifatelier vun der Anne-Cécile Vandalem deelhuelen. Déi belsch Schauspillerin, Auteurin a Regisseurin gehéiert zanter 2018 zu de Mentorinne vum TalentLAB.

KS6: Small Forward (6. & 7. Juni)

KS6: Small Forward hëlt de Public mat an d'Welt vun der olympescher Basketballspillerin Katsiaryna Snytsina, déi déi stratosphäresch Héichten vun zwanzeg Joer um Spillfeld nozeechent an déi dramatesch Ereegnesser, déi si op ee neie Wee als Aktivistin, politesch Dissidentin an „extremistisch Lesb“ gefouert hunn. Zesumme mat der  DJ Blanka Barbara erzielt d'Olympionikin, op der Bün vum Groussen Theater, wéi ee stolz seng Sexualitéitt feiert, sech géint Diktatore stellt a virun allem bei sech selwer bleift.

Présentation maquettes - 8. Juni, 15h00 (Kapuzinertheater) & 19h30 (Groussen Theater)

Zum kréinenden Ofschloss vum TalentLAB presentéieren déi 6 ausgewielte Kënschtler a jeeweils 20 Minutten d’Resultater vun hirer Aarbecht.

Gutt ze wëssen: Plaze kënnen eenzel kaf ginn, oder an engem Pass, mat deem een ab 3 Virstellungen -20 % kritt.

Weider Informatiouen zum Programm an Ticketen ginn et hei