Fir déi véierte Kéier war den USINA Festival zu Diddeleng. Wärend zwee Deeg hu ronn 20 Artisten op dräi Büne gespillt.

Den Headliner war de Rea Garvey. Nieft den internationalen Artiste waren och national Kënschtler gebucht. De Sänger Joel Marques ass freides op der "Kantina Stage" opgetrueden. Dëse Summer stinn nach eng Partie Open-Air Concerte fir de Sänger un: "Fir mech ass live de Präis, deen ee kritt, fir seng haart Aarbecht, wann ee seng Musek och ka weisen. Ech maachen dat mega gären."

Den USINA ass déi éischte Kéier am Kader vun Esch2022 virun dräi Joer organiséiert ginn. Et ass ee kollaborative Festival, bei deem den Atelier, de Gudde Wëllen an d’Gemeng Diddeleng zesummeschaffen. Deen Dag op deem den Headliner spillt, kascht d'Entrée, deen aneren Dag ass gratis. Et wéilt een och, dass d'Leit nei Saachen entdecken, wéi den John Rech, den Direkter vum Kulturzenter "Opderschmelz" zu Diddeleng erkläert:

"Vun Ufank u war et eis kloer, mir wéilten een Dag bezuelt maache mat engem méi decken Headliner. Een Act, dee vläicht net direkt géif op Diddeleng kommen. An engem normale Kader, wëll de Sall ebe just Plaz huet fir 500 Leit. Well de Budget vun der "Fête de la musique" net deem entsprécht vun engem USINA. An dann och een Dag wou mir méi Kultur fir d’Famillje maache mat de Kanner a sou weider. Wou da Clowne sinn, wou Magier sinn, wou bësse méi Indie-Acts do sinn. Mir hunn dëst Joer d’Lëtzebuerger Kreatioun. Dëst Joer hu mir do den EDSUN"

Dem EDSUN seng aktuell Show huet eng ganz Partie Theaterelementer integréiert. Um USINA huet hie si eng éischte Kéier gespillt. An nächster Zäit soll een awer nach méi dacks d'Méiglechkeet kréie si ze gesinn. Oder op d'mannst eng Versioun dovunner:"Déi heite Show huet Theaterelementer, wou ech am Fong och nach amgaange sinn drun ze schaffen. Et ass ee Work in Progress. Dat heite Stéck wäert et d'nächst Joer méi developpéiert ginn an et wäert och eng Theaterversioun ginn. Dat heescht et ginn zwou Versiounen. Eng Kéier fir Festival a Concertsbünen an eng Kéier fir Theatersäll."