Nieft dem Louvre oder dem British Museum féiert och elo den Naturmusée an der Stad en Audioguide op Ukrainesch an.

De Multilinguismus ass zu Lëtzebuerg e wichtegen Deel vum Alldag. Dat gëllt och fir de Kultursecteur. An dat huet den Naturmusée elo nach eemol ënnerstrach: Dës Woch gouf offiziell den éischten ukraineschen Audioguide am Nationalmusée fir Naturgeschicht, dem Naturmusée virgestallt.

Audioguide am Naturmusée / Reportage Emmanuelle Schmit

Dëse neie Service ass am Kader vun enger internationaler Initiativ vun der First Lady vun der Ukrain also der Fra vum President Selenskyj, dem Olena Selenska, der ukrainescher Ambassade zu Lëtzebuerg, dem Kulturministère an dem Naturmusée op d’Bee gesat ginn.

Den Direkter vum Musée Patrick Michaely erkläert, wat dës Initiativ fir déi ukrainesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg bedeit.

"Ma d’Saach ass einfach déi, dass, wann een an ee Musée kennt, ass een io ëmmer frou, wann een an der eegener Sprooch eppes kritt. Et fillt ee sech einfach besser doheem. Ech erënneren do ëmmer ganz gären un e Saz, deen eng fréier Kulturministesch bei engem Vernissage hei am Musée gemaach huet. 'Bei Iech hei am Musée, do fillt ee sech wéi an der eegener Stuff!' An dat ass natierlech och dat, wat ee gären als Musée wëll hunn, dass d’Visiteuren, déi heihinner kommen, sech och richteg wuel fillen. Am Wuelste fillt ee sech natierlech, wann een dat wat ee gewise kritt, dat wat ee soll villäicht och verstoen, wou een drun interesséiert ass an där Sprooch natierlech dann och präsentéiert kritt, déi een am Beschten beherrscht."

RTL

© Emmanuelle Schmit

Fir vill Leit, déi duerch de Krich oder Migratioun hir Heemescht hu misse verloossen, ass d'Méiglechkeet, eng Ausstellung an der eegener Sprooch ze erliewen, méi wéi nëmme praktesch. Et wier eng emotional Bréck, esou den Naturmusée.

D’Initiativ ass net isoléiert. Antëscht gëtt et ukrainesch Audioguiden a méi wéi 50 Länner an a méi wéi 100 bekannte Muséeën. Dorënner de Louvre zu Paräis an de British Museum zu London. De Fait, datt Lëtzebuerg sech op dës Lescht aschreift, géif eng kloer Haltung weisen: Solidaritéit an Offenheet fir all kulturell Communautéit, sou den Naturmusée.