D’Lëtzebuerger Sprooch an d’Gespréich bréngen

An der Ausstellung "D’Lëtzebuerger Sproochen", geet et ëm vill méi wéi just Wierder oder Grammatik-Reegelen, et geet ëm déi lieweg Realitéit vun der Sprooch an hire Gebrauch am Alldag.
Fir den Alexandre Ecker, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, ass d’Ausstellung eng Invitatioun un d’Leit, fir selwer nozedenken a matzeschwätzen.
"Et ass net den Zenter, deen d’Sprooch mécht, mee d’Leit, déi se benotzen“, ënnersträicht den Alexandre Ecker.
D’Expo selwer dréit den Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“. Mat de Klamere wéilt een Ausdrécken, dass et
Varietéiten an der Sprooch ginn a mir an engem Ëmfeld vu Méisproochegkeet liewen.
„Mir wëllen net soen: esou ass et richteg, esou ass et falsch. Mee mir wëllen en Denkustouss ginn an d’Leit invitéieren, sech mat hirer eegener Sprooch ausernanerzesetzen“, erkläert den Direkter vum ZLS.
Eng Expo, déi beweegt
Datt d’Expo mobil ass, ass dobäi keen Zoufall. Si soll a Gemengen, Schoulen, kulturelle Strukturen a souguer am Ausland den Dialog erméiglechen, wou d’Lëtzebuerger Sprooch lieft. Den Ament kann een d’Ausstellung am Lëtzebuerger City Museum gesinn.