Musek, Sauna a Jacuzzi
Dräi Deeg laang Musek – dat gouf et dëse Weekend zu Esch um Gaalgebierg. Et war déi 5. Editioun vun de Francofolies.
De Soprano, Michel Polnareff oder och nach de Julien Doré hunn zu den Headliner vum Festival dëst Joer gezielt an hunn trotz dem manner gudde Wieder dausende Leit an de Süde vum Land gezunn.
Zwou Woche laang huet een um Gaalgebierg opgeriicht, fir de leschte Weekend eng 33.000 Museksbegeeschterter konnten ze empfänken. Wichteg ass den Organisateuren, e Festival fir jiddereen ze organiséieren a virop och e Festival, wou déi franséisch Sprooch gefeiert gëtt. Nieft der Musek kruten d’Visiteure vum Festival awer och nach aner Saache gebueden, dorënner puer Saunaen an och Jacuzzien. Via eng App konnt ee sech do säi Slot reservéieren a puer Minutte Wellness um Gaalgebierg genéissen.
Grouss Nimm wéi e Soprano oder e Sonndeg den Owend Michel Polnareff a Julien Doré waren d’Headliner, awer och Newcomer a lokal Artiste kruten d’Méiglechkeet, op enger vun den 3 Bünen um Site an der Escher Kulturfabrik an am Escher Theater opzetrieden. Ee Véierel vun den Artiste sinn dobäi aus dem Grand-Duché gewiescht. Eng Erausfuerderung ass de Gaalgebierg schonn, hei ass de Buedem net iwwerall riicht, op ville Plaze sti Beem an da muss een do grouss Bünen opriichten.
Um 22.30 Auer e Sonndeg stoung dunn dee Mann op der Bün, op dee jidderee gewaart huet, de Julien Doré. Hien ass e franséische Superstar, seng Karriär huet 2007 ugefaangen, wou en d’Casting-Sendung “Nouvelle Star” gewonnen huet.
Et war en zum Deel verreente Festival, ma trotzdeem wier d’Wieder net sou schlecht gewiescht wéi erwaart an et kuckt ee ganz zefridden op dës Editioun zeréck. Weider wuesse wéilt een net, mee vill méi nach d’Stad Esch selwer mat abannen. Mat Festivitéiten net nëmmen um Gaalgebierg. Nächste Rendez-vous ass vum 12. bis de 14. Juni 2026, da sinn déi nächst Francofolies zu Lëtzebuerg.