"La plus belle voix" gëtt och am Grand-Duché gesicht. Mir waren op de Castinge fir d'Editioun 2026 dobäi.

De 5. Juni sinn 30 Leit aus verschiddene Länner op Hollerech komm, fir un de Castinge vun The Voice France an The Voice Kids 2026 deelzehuelen. Jiddweree mat deem selwechte Wonsch: säin Talent ze weisen an eng Plaz an der Show ze kréien.

“Ech war nervös, mee elo geet et mir gutt. Ech sinn houfreg op meng Leeschtung”, seet den Aridane, 12 Joer al. Mee seng Ambitioune gi wäit iwwer de Concours eraus. “Ech wëll an Zukunft Musek maachen an international sangen.”

Fir d’éischte Kéier war de Casting och fir d'Ëffentlechkeet op. Mä heiansdo ass et net d’Bün, déi Angscht mécht… mee d’Zoufäll.

“Au départ, je n’étais pas nerveuse. Et puis j’ai entendu qu’il y avait quelqu’un qui avait le même prénom que moi et qui chantait la même chanson, et je me suis dit : “Oula, ça va être compliqué”, parce qu’on part vite dans la comparaison”, seet Nora, eng vun de Participanten.“Finalement, ça a été. J’ai pris du plaisir, c'est le principal”.

Bei enger vun den Auditiounen huet de Casting-Direkter Bruno Berberes eng Kandidatin op d'Säit geholl an hir e puer Wierder an d’Ouer geflüstert – en aussergewéinleche Geste.

“Il m’a dit que c’était bien ce que j’avais fait, mais qu’il y en avait un peu trop… Je mettais un peu trop de voix partout. Et donc, pour la prochaine fois – pour des chansons françaises notamment – d’être plus sobre. Il a dit que là, il y avait la confiture et le Nutella, et qu’il fallait choisir”, erzielt eis Alheïdis.

Op der Sich no lëtzebuergeschem Talent fir The Voice France 2026
Zënter 2019 kënnt d’franséisch Equipe op Lëtzebuerg, fir nei Stëmmen ze fannen – ugezu vun der Diversitéit an dem Fakt, datt Lëtzebuerg e franséischsproochegt Land ass.

Si hu schonn e puer verspriechend Talenter entdeckt. Eng dovu war d’Naomi Ayé, Finalistin bei The Voice Kids 2020. Si huet och beim Luxembourg Song Contest 2024 matgemaach.

Bis elo konnt jidderee sech fir de Casting umellen, mä 2027 ginn d’Reegelen geännert: just nach Residenten a lëtzebuergesch Bierger dierfe bei dësem Casting matmaachen. D’Zil ass et, méi lokal Talenter z’ënnerstëtzen – fir dass si a Frankräich an doriwwer eraus kënnen erausstiechen.

Wann Dir elo schonn interesséiert sidd, un The Voice France 2027 deelzehuelen – egal ob bei der Versioun fir Erwuessener oder bei där fir Kanner – vun elo un kënnt Dir Iech per E-Mail um castingtvlu@gmail.com fir dee nächste Casting umellen.