Dee Dee Bridgewater zu Lëtzebuerg

© Isaiah Trickey/Film Magic
Den 21. Juni gëtt et am Kader vun de Festivitéite vum 25-järegen Trounjubiläum vum Groussherzog Henri ee grousse musikalesche Programm um Knuedler.
Highlight vum Owend ass wuel den Optrëtt vun der amerikanescher Jazz-Sängerin Dee Dee Bridgewater, déi zesumme mam Orchestre National de Jazz ënnert der Direktioun vum Gast Waltzing séngt.
“Datt d'Dee Dee Bridgewater den 21. Juni bei eis um Knuedler spillt, ass duerch e puer Zoufäll entstanen, déi beienee komm sinn. Mir wollten e flotten an chillege Blues- an Jazz-Owend, an de Gast Waltzing hat de Kontakt mam Dee Dee Bridgewater. An esou ass dat eent bei dat anert komm, fir datt et elo perfekt mat Orchester beienee passt”, sou de Laurent Schwaller, Chef vum Service Espace Public vun der Staat Lëtzebuerg.
Ma de musikalesche Line-Up ass grouss. Um 18 Auer geet et lass mat enger Performance vun der amerikanescher R&B-Sängerin an Duechter vum Dee Dee Bridgewater China Moses. Weider geet et da mat der Grammy-Gewënnerin Dee Dee Bridgewater an no 23 Auer sinn nach weider Concerten an divers DJ-Sets op der Place Clairefontaine, der Plëss, an an der Helleggeescht-Strooss.
D’Concerte, wéi och déi aner Festivitéite vum Owend gi vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert a lafe bis 1 Auer moies.