Theaterfestival GEM4 Theaterstécker an 3 Deeg

Isabelle Gillen
Beim Theaterfestival GEM an der Abtei Neimënster, kritt ee vum 9. bis 12. September 4 verschidden Theaterstécker ze gesinn.
© Théâtre des Béliers Parisiens

Et ass deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer. Iert d'Theatersaison den 18. September mam traditionellen Theaterfest op der Plëss offiziell lancéiert gëtt, kritt een an der Abtei Neimënster schonn um Theaterfestival GEM eng Rei zäitgenëssesch Theaterproduktiounen ze gesinn.

Et ass fir d'zweet, dass dee bi-annuelle Festival zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt an dëst Joer steet d'Thema Identitéit am Vierdergrond. Mat dobäi si 4 Kreatiounen op Franséisch:

"Nous étions la forêt" (9.09. 19h)

© Théâtre de l'Union

Ënnert fräiem Himmel, kritt ee bei "Nous étions la forêt" vun der Compagnie "La vie Grande", en humorvollt Stéck mat Gesang, vun Oper bis Rap, gebueden, dat zugläich eng ekologesch Fabel an eng dramatesch Komedie ass. An engem fiktive Bësch solle Fotovoltaikanlagen gebaut ginn, eng Decisioun, déi d'Awunner vum Bësch virun eng ongewëss Zukunft stellt. D'Theaterstéck soll eis ekologesch a mënschlech Decisiounen hannerfroen.

"Arianne, un pas avant la chute" (10.09. 19h30)

© Théâtre Actuel Avignon

An engem weidere musikaleschen Theaterstéck, gëtt dat scheinbar perfekt Liewe vun enger Rock-Sängerin op de Kapp gestallt. An enger talk-show, kuerz virun hirem leschte Concert vun der Saison, kënnt een dem Arianne sengem Geheimnis ëmmer méi no. D'Theaterstéck verbënnt Retrospektiven, imaginären Zeenen an Handlungen aus der Géigewart. "Arianne, un pas avant la chute" ass gläichzäiteg eng psychologesch Recherche, e live-Concert an eng tragesch Libesgeschicht.

"Damoclès et moi" (12.09. 16h)

© Amonine

Bei der Performance "Damoclès et moi", déi sech u "Personne n'est ensemble sauf moi", aus der éischter Editioun vum Festival GEM inspiréiert, stinn 3 jonk Erwuessener mat engem onsiichtbaren Handicap am Mëttelpunkt. Nieft zwee weidere Schauspiller, mussen déi Jonk hiren Alldag meeschteren a vun der Gesellschaft esou, wéi se sinn akzeptéiert ginn. Et ass en Theaterstéck vun der Cléa Petrolesi, an deem et keng Normalitéit gëtt an dës ëmmer nees hannerfrot gëtt.

"The Loop" (12.09. 20h)

© Théâtre des Béliers Parisiens

Gewënner vum Molière 2025, fir déi beschte Komedie an en Erfolleg um Festival zu Avignon. "The Loop" weist eng Police Enquête, an där dem Buergermeeschter vun enger fiktiver Stad säi Jong wéinst Mord ugeklot ass. Ganz am Sënn vum Päiperlekseffekt, huet iergendwou op der Welt eng Handlung d'Zäit op de Kapp gestallt an elo befanne sech d'Personnagen aus dem Theaterstéck an enger chaotescher Situatioun, déi ëmmer nees vu fir ufänkt a ni d'nämmlecht ass. Si si wéi an engem Loop gefaangen aus deem se versichen auszebriechen.

Den Theaterfestival GEM leeft vum 9. bis 12. September an der Abtei Neimënster. All Theaterstéck gëtt just eng Kéier opgefouert. Weider Informatiounen an Ticketen fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO