De Grënner vum Grupp "Nightcrawlers", dee virun allem fir säin Dance-Klassiker "Push The Feeling On" bekannt ass, ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen.

Engem Facebook-Post vun der Sängerin Mary Kiani, der fréierer Verloobter vum John Reid, no wier den DJ a Sänger "plëtzlech" gestuerwen. Eng Ursaach fir säin Doud gouf awer net genannt.

Éier den John Reid Ufank den 90er d'Nightcrawlers gegrënnt huet, ass hie fir säin éischte Culture-Club-Projet "This Way Up" an den 80er Joren ënnert dem Numm Robinson Reid zesumme mam Ernest Hay opgetrueden. Säi Lidd "Push The Feeling" vun den Nightcrawlers war allerdéngs net vun Ufank un en Hit, wéi et et haut ass. Eréischt d'Cover-Versioun vum Marc Kinchen alias MK am Joer 1995 ass an de britteschen an internationalen Charts no uewe geschoss. Nei Opmierksamkeet krut de Song dann, wéi de Pitbull en 2009 a sengem Hit "Hotel Room Service" gesampelt huet.

Nieft senger Aarbecht mat den Nightcrawler huet de Reid Chart-Erfolleger als Songwriter fir ënnert d'Tina Turner mat "When The Heartache Is Over", Westlife mat "Unbreakable" oder "A Moment Like This", gesonge vum Kelly Clarkson a Leona Lewis.