Fir déi 26. Editioun vum Open Air Housen kënne sech d'Museksfans dëst Joer op een Dag méi freeën. Dat mat Fokus op Livemusek um Donneschdeg.

Wéi gewinnt ass den éischte Weekend am Juli zu Housen eng méi lass. Fir déi 26. Editioun huet sech d'FOAH asbl awer eppes Besonnesches afale gelooss: Dëst Joer gëtt net just zwee Deeg laang fir gutt Stëmmung am Éislek gesuergt, mä iwwer ganzer dräi Deeg.

Domat fänkt de Festival dëst Joer schonn donneschdes un, wou de Fokus op Livemusek läit mat Acts wéi Schëppe Siwen, Hunneg-Strëpp a Mambo Schinki. Fir Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer ass deen Dag dann och gratis Entrée.

Um Freideg a Samschdeg geet et da wéi gewinnt weider mat engem Mix aus lokalen an internationalen DJen. Besonnesch ass, dass jeeweils zwee lokal Newcomer aus dem DJ-Contest vum Open Air Housen op den zwee Deeg wäerten optrieden. Nieft groussen Nimm wéi Laidback Luke, Waztoo an Danth um Freideg dierfen dann och den Difino an de Karier un Turntables zu Housen.

Samschdes ass de groussen Highlight den Nosi. Kuerz viru sengem Debut um Tomorrowland trëtt de Lëtzebuerger DJ zesumme mat de Special Guests Joel Marques a Pioviolinist zu Housen op. Nieft hinnen dräi dierfe sech d'Leit op den DJ Dama, Blueteck an Aholics freeën. Den DJ-Contest fir samschdes hunn den Davo an den Dynamo M gewonnen.

Wien dann net mam Late Night Bus oder mam Auto wëll heem fueren, ka wéi all Joer och um Camping zu Housen säin Zelt opschloen. An och mat enger Food Mile, wou ee vu Burger iwwer Italieenesch bis Séisses kritt, ass fir d'Museksfans gesuergt.

Den Open Air Housen ass iwwerdeem och e Cashless-Event. Bezuele kann een deemno net mat Boergeld, mä just mat der Kreditkaart, dem Smartphone oder der Smartwatch. Och Payconiq gëtt et keen.