Ënner beschte Wiederkonditiounen hat mam Optrëtt vum spuenesch-däitsche Popstar Alvaro Soler de Porta³-Festival en Donneschdeg säin Optakt.

Scho Stonne virum Concert koumen d'Fans scho virun der Porta Nigra zesummen, fir sech eng gutt Plaz ze sécheren. Den Optrëtt vum Álvaro Soler war den Optakt vun engem ganze Festival-Weekend an der eelster Stad an Däitschland.

Beim gudde Wieder huet sech de Spektakel dann och "ugefillt wéi Vakanz - just besser", sot eng jonk Museksbegeeschtert op der Plaz. A mam spuenesch-däitsche Sänger war gutt Laun, Rhythmus a Spaass scho virprogramméiert. An tatsächlech huet een dat vun der alleréischter Sekonn och gespiert, nodeems de Museker op der Bün stoung.

Net just de Public war begeeschtert, och den Álvaro Soler ass umn d'Schwäerme komm, wéi hie scho virum Concert verroden hat:

"D'Location ass einfach onfaassbar. Direkt viru sou engem historesch Bauwierk ze spillen, ass eppes ganz Besonnesches. A wann een dann dëse Public gesäit, déi stonnelaang op den Optrëtt waarden - do kritt een Héngerhaut."

Dat huet och de Public gespuert an erlieft. De Porta³ wier fir vill vun hinnen "dee schéinste Evenement, deen Tréier ze bidden hätt. Wéi e "Summerdram" gouf de Festival nach beschriwwen.

Dräi Deeg, dräi Genre

Wéi gesot, de Concert vum Álvaro Soler war just den Ufank. D'Musekfans erwaart op dräi Deeg, dräi Genre an dräi grouss Acts. An hei trëfft Pop op Rock, Soul a Klassik.

E Freideg geet et weider mam Max Herre a Joy Denalanemat urbanem Soul a Rap. E Samschdeg da gëtt et haart a geckeg mat den Donots an dem Special Guest H-BLOCKX, ier et e Sonndeg dann traditionell gëtt. Da steet d'Philharmonische Orchester Trier fir e Picknick-Concert virun der Porta Nigra a begleet de Public, dee gratis Zougang huet, mat klassesche Kläng fir eng entspaanten Atmosphär

De Programm am Iwwerbléck

📅 Donneschdeg, 19. Juni, 19.30 Auer  – Álvaro Soler

📅 Freideg, 20. Juni, 20.00 Auer – Max Herre & Joy Denalane

📅 Samschdeg, 21. Juni, 20.00 Auer – Donots & very special guest H-BLOCKX

📅 Sonndeg, 22. Juni, 20.00 Auer – Picknick-Concert vum Philharmonischen Orchester Trier (Entrée gratis)