Déi 3 Gewënner nach eng Kéier an der Galerie A Spiren
D’Biennale d’Art Contemporain ass eng Konschtausstellung, déi, wéi den Numm et seet, all zwee Joer zu Stroossen an der Galerie A Spiren am Centre Barblé organiséiert gëtt.
Virun engem Joer war déi 12. Editioun un der Rei an elo kann een d’Wierker vun den 3 Laureaten nach eng Kéier an enger gemeinsamer Expo erliewen.
Wann een d’Galerie A Spiren, sief et vun der Areler Strooss oder der Rue des Romains aus, betrëtt, gesäit een als alleréischt d’Wierker vun der Kënschtlerin Jip Josée Feltes. Si schafft gäre mat Aquarell oder Tënt, huet awer eng villsäiteg Selektioun fir d’Biennale virgewisen. Am Mëttelpunkt vun hire Wierker steet meeschtens de Mënsch an dat an ënnerschiddleche Formen. Och Steng, déi d’Kënschtlerin vun hirem Papp a Stengsammler geierft huet, verwandele sech hei a mënschlech Gesiichter.
Um zweete Stack fënnt een de Rescht vun der gemeinsamer Ausstellung. Hei stellen déi aner Laureaten hir Wierker aus. Den Daniel Mac Lloyd konnt mat sengen typesche Villercher am leschte Joer bei der Jury punkten. Et si virun allem d’Faarwen an d’Beweegunge vun den Déieren, déi hien a senger Konscht inspiréieren. Alt emol moolt hien awer och aner Liewewiesen. Deemno gesäit een an dëser Ausstellung och eng Zeechnung vun engem Hai.
An deen éischte Präis vun der 12. Biennale d’Art Contemporain konnt d’Tania Kremer-Sossong gewannen. D’Kënschtlerin, déi virun allem fir hir Toilettëbiller bekannt ass, weist an der Galerie awer och vill aner Konschtwierker. Vun Oni-Masken, déi sech u japaneschen Dämonen inspiréieren, iwwer Representatioune vum Adam an Eva, oder schwaarz-wäiss Biller, déi d’Nuetsliewen an der Stad representéiere sollen, bis hin zu Assemblagen, déi sech ironesch mat Star-Trek auserneesetzen, ass bei hir alles dobäi. Dëst war och genau de But. D’Kënschtlerin wollt beweisen, dass si méi, wéi nëmmen Toilettë moolt.
D’Ausstellung vun deenen 3 Präisdréier kann een nach bis de 6. Juli ëmmer mëttwochs bis sonndes vu 15 bis 19 Auer an d’Galerie A Spiren kucke goen.