Virun 32 Joer gouf d’Fête de la musique zu Diddeleng an d’Liewe geruff. Deemools mat nëmmen enger Bün.

Dat ganzt wier awer organesch gewuess, esou de Jon Rech, Organisateur, soudass haut eng 50 Artisten op mëttlerweil iwwert 13 Bünen optrieden.

Do kréie souwuel national ewéi och international Kënschtler eng Plattform; dorënner och de Cali, franséische Sänger a Komponist. Et ass net seng éischte Kéier zu Diddeleng. Nieft enger déifgrënneger Frëndschaft mam Jon Rech huet hien Diddeleng an d’Häerz geschloss, well hie schonn e puer Mol do opgetrueden ass.

E Samschdeg de Mëtteg ware schonn e puer Lëtzebuerger Kënschtler zu Diddeleng; esou och d’Mäna, déi am Januar fir de Luxembourg Song Contest an der Rockhal op der Bün stoung. Si huet haut esouwuel mëttes ewéi och owes en Optrëtt.

Net nëmmen etabléiert Kënschtler konnten hiert musikalescht Talent op der Bün weisen: och d’Diddelenger Museksschoul hat Optrëtter, an och d’Chorale vum Kräizbierg.

Mam gudde Wieder gi sech 20 bis 25.000 Leit erwaart. 
 
De ganze Line-Up fannt Dir hei: Fête de la musique – Dudelange