"Receptors" heescht eng Ausstellung, déi een aktuell an der Galerie Reuter-Bausch an der Ënneschtgaass ka gesinn.

Dohannert stécht de jonke Lëtzebuerger Kënschtler Pit Riewer. Mir hunn hien an der Galerie getraff, fir mat em iwwert seng Wierker an Inspiratiounen ze schwätzen.
 
"D'Theema dës Kéier ass eng visuell Iwwersetzung vu Wärmebildkamera-Biller. Well meng Biller ëmmer tëschen Abstraktioun a Figuratioun liewen, schaffen ech ëmmer mat Material a Fotoen, déi schonn e bëssen zerstéiert sinn oder schonn eng gewëssen abstrakt Qualitéit hunn."

Fir dëse Projet huet de Pit Riewer sech eng sougenannte Wärmebildkamera kaf, also eng Kamera mat där eng Temperatur vu Saache ka gemooss ginn:
 
"Dat war ganz am Ufank, wéi ech d'Kamera hat, e bësse wéi eng Spillsaach. Am Ufank wollt ech dann ebe kucken, wéi schnell meng Fanger sech erëm opwiermen, dat heescht, ech hunn all fënnef Sekonnen eng Foto geholl mat der Kamera, well déi Kamera brauch och ëmmer e bësse fir genau all Punkt um Bild, all Pixel och eng Temperatur zouzeginn, an dann hunn ech dat sou gelooped wéi eng Animatioun. Da gesäit een am Fong wéi d'Blutt lues an d'Hänn geet, fir d'Fanger erëm opzewiermen."

 
D'Biller huet hien als Referenz fir seng Molerei geholl.
 
"Also e puer Biller gi méi wäit an der Abstraktioun wéi anerer, et ass och alt eng ganz frësch Recherche, well déi Biller och wierklech extreem limitéiert sinn an Informatiounen, déi se engem ginn. Ech hunn dat och gär, eeben deen Challenge mat méi limitéierte Ressourcen ze schaffen. Wéi ech d'Biller erausdrécke war a bei eis an engem Buttek, hu se gefrot, 'wëllt dir déi wierklech drécken?' Et ass sou eng schlecht Qualitéit. Dir wësst schonn, dass déi Foto net gutt gëtt. An ech soen, jo, jo, nee, dat weess ech schonn, dat ass scho gutt esou. Mä dann hunn ech eeben den Challenge, fir dat moleresch opzebauen. Dofir d' Kombinatioun fannen ech am Fong nach méi interessant, well se da méi wäit geet, wéi einfach dat Wärmebild. Ech menge soss hätt ech och kënnen einfach déi Biller ophänken."
 
A senge Wierker fënnt een Elementer vun Hëtzt a Beréierungen, dat Ganzt gemoolt mat engem horizontale bal mechanesche Pinselstréch.
 
"Ech hunn eng Zäit bei mir a mengem Printer Saachen erausgeprint, an ee Printer hat net méi esou vill Tënt. An e Printer mécht jo och, dréckt vu lénks no riets. An do kritt een och déi ganz, ganz kleng Rayieren. Ech mengen, jidderee kennt dat, wann een eng Kéier net méi esou vill Tënt am Printer hat. An dovunner kënnt déi gewësse Vitess, déi ech gär hunn. Et ass alles sou 'e klenge Moment'".
 
D'Resultat vum Pit Riewer senger Aarbecht kann ee nach bis den 12. Juli an der Galerie Reuter-Bausch gesinn.