Schlass Neuschwanstein gëtt zum UNESCO-Weltkulturierwen

© AFP/Christof STACHE
D'Schlass Neuschwanstein a Bayern ass vun der UNESCO zum Weltkulturierwen ernannt ginn.
Dräi aner kinneklech Residenzen, déi och um Enn vum 19. Joerhonnert ënnert dem konschtbegeeschterten Kinnek Ludwig II vu Bayern gebaut goufen, sinn elo och neierdéngs op der UNESCO-Lëscht ze fannen: d'Schlass Herrenchiemsee, d'Schlass Linderhof an d'Kinnekshaus um Schachen.
Dat berüümte Schlass Neuschwanstein, dat wuel am beschten als Inspiratioun fir dem Walt Disney seng Märcheschlässer bekannt ass, steet op engem 200 Meter héije Fiels an ass dat meeschtbesichte Schlass an Däitschland mat bal 1,5 Visiteuren all Joer.
Op der Plattform X huet sech de bayresche Ministerpresident Markus Söder iwwer d'Auszeechnung gefreet: "Ee Märche gëtt wouer fir eis Märcheschlässer: Mir sinn #Weltkulturierwen!"
D'Schlass Herrenchiemsee ass als "Mini-Versailles" entworf ginn a steet un engem Séi tëscht München a Salzburg. Et ass eng Hommage un de franséische Kinnek Louis XIV, deen de Ludwig bewonnert huet.

Den Herrenchiemsee. / © AFP/Michaela STACHE
Den drëtte Site op der UNESCO-Lëscht ass dat klengt Schlass vu Linderhof, dat 1878 fäerdeggestallt gouf. Et ass dat eenzegt, war nach wärend de Liefzäite vum Kinnek Ludwig fäerdeggestallt gouf.

D'Schlass Linderhof. / © AFP/Philipp Guelland
Dat lescht vun de véier Bauwierker op der aktualiséierter Lëscht ass d'Kinnekshaus um Schachen, eng royal Residenz am Stil vun engem Schwäizer Chalet.

Schachen. / © AFP/Philipp Guelland