Als Theo an der "Bill Cosby Show" gouf hien an den 80er weltbekannt. Elo ass den Acteur am Alter vu 54 Joer gestuerwen.

Wéi d'US-Medien "TMZ" a "People" mellen, solle béid Noriichtesitte vun anonyme Sourcë confirméiert kritt hunn, datt de Malcolm-Jamal Warner erdronk wier. "People" no wier de Schauspiller mat senger Famill a Costa Rica an der Vakanz gewiescht, wéi hie beim Schwammen erdronk wier.

RTL

De Malcolm-Jamal Warner als Theo Huxtable an der Bill Cosby Show / © AFP

Den Acteur huet vun 1984 bis 1992 an der "Bill Cosby Show" de Bouf vum Bill Cosby, den Theo Huxtable, gespillt. Trotz vill Kritik ronderëm de Bill Cosby selwer huet de Warner 2023 an engem Interview mat "People" betount, datt hien am Numm vun der ganzer Crew soe kéint, datt "d'Cosby Show eppes ass, iwwer dat mir all nach ëmmer immens houfereg sinn". No der "Bill Cosby Show" hat de Warner eng Haaptroll an der Sitcom "Malcolm & Eddie", déi vun 1996 bis 2000 gelaf ass. Donieft war hie fir seng Roll als "Alex Reed" an der Serie "Reed Between the Lines" bekannt, wou hien zesumme mam Tracee Ellis Ross vun 2011 bis 2015 gespillt huet.