Virun 30 Joer ass "La Haine" vum Mathieu Kassovitz an d'Kinoe komm

© LES PRODUCTIONS LAZENNEC / LE ST / Collection ChristopheL via AFP
La Haine erzielt d'Geschicht dovun, wéi d'Liewe vun dräi Kolleegen aus der Paräisser Banlieue bannent 24 Stonnen aus dem Rudder leeft.
Schonn d'Ufankssequenz vum Film deit un, dass een an den nächste 96 Minutten Zeie vun enger Entwécklung gëtt, déi bal kee gutt Enn kann huelen:
"C'est l'histoire d'un homme qui tombe d'un immeuble de cinquante étages. Le mec, au fur et à mesure de sa chute, il se répète sans cesse pour se rassurer : 'jusqu'ici tout va bien, jusqu'ici tout va bien, jusqu'ici tout va bien.' Mais l'important n'est pas la chute, c'est l'atterrissage."
De Film spillt zu Chanteloup-les-Vignes, enger Banlieue vu Paräis. Am Zentrum vun der Handlung stinn dräi Jugendlecher: De Vinz (Vincent Cassel), den Hubert (Hubert Koundé) an de Säid (Säid Taghmaoui). Si hu jeeweils jiddesch, afrikanesch an arabesch Originnen a sti representativ fir verschidde marginaliséiert Gruppe vun der franséischer Gesellschaft.
D'Handlung setzt an, kuerz nodeems e Kolleeg vun den dräi Protagoniste bei enger Policekontroll esou uerg maltraitéiert gouf, dass hien an de Koma fält. An der Suite dovun ass et an der Banlieue zu massiven Ausernanersetzungen tëscht de Bewunner an der Police komm.
Wärend de Krawaller huet de Vinz de Revolver vun engem Polizist fonnt an hëlt sech fir, e Policebeamten ze erschéissen, falls säi maltraitéierte Kolleeg, den Abdel, sollt stierwen. De Fait, dass de Vinz e Charakter ass, dee sech räche wëll, gëtt cinematographesch an enger Zeen ënnerstrach, an där sech hie virum Spigel eng Situatioun duerchspillt, an där hien eng aner Persoun erschéisst, déi hien domm umécht; eng eendeiteg Hommage un dem Martin Scorsese säin "Taxi Driver".
Bis op déi dräi Haaptfiguren, weess keen, wien déi verluere Waff fonnt huet. Wärend de Vinz d'Waff ugangs nach verstoppt huet, hëlt hie schliisslech d'Decisioun, se ëmmer bei sech ze droen. Dat féiert dozou, dass déi dräi Frënn an eng Partie geféierlech Situatioune geroden, a sech tëschenduerch och eng Kéier ënnerteneen zerstreiden. Hir Odyssee féiert si tëschenduerch bis op Paräis, bis d'Geschicht dann zu Chanteloup-les-Vignes hiert Enn fënnt.
"La Haine" behandelt Theme wéi sozial Ongläichheet, Rassismus, systeemesch Diskriminatioun a Policegewalt an huet an deem Sënn och 30 Joer no senger Première näischt un Aktualitéit verluer. Ma och aus engem cinematographesche Point de vue huet "La Haine" en unhalenden Afloss op de franséischen an den internationale Kino. Dat weist ënner anerem d'Panoplie un Auszeechnungen, déi de Film gewonnen huet. Ënner anerem gouf de Mathieu Kassovitz bei de Filmfestspiller vu Cannes 1995 als beschte Regisseur ausgezeechent.
Fir den 30. Anniversaire ass "La Haine" dann och nees a verschiddene Kinoen ze gesinn, dat och zu Lëtzebuerg.