Luxembourg City MuseumWann d'Natur zu Konscht gëtt

Isabelle Gillen
Dat ass d'Iddi hannert der Ausstellung "De mémoire d’arbre", déi den Ament am Luxembourg City Musée ze gesinn ass. Heifir goufen aus Stécker vun engem ale Bam aus dem Haff vum Musée aacht Skulpture vu Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtlerinne kreéiert.
Luxembourg City Museum: Wann d'Natur zu Konscht gëtt
Dat ass d'Iddi hannert der Ausstellung "De mémoire d’arbre", déi den Ament am Luxembourg City Musée ze gesinn ass.

2022 huet d'Bluttbich, déi wärend 165 Joer beim Geschichtsmusée fir Schiet a Gréngs gesuergt huet, missen ëmgehae ginn. Scho méi laang war gewosst, dass de Bam vun engem Pilz befall wier, esou den Direkter vum Musée Guy Thewes. Ma well d'Gefor ze grouss ginn ass, dass de Bam géif ëmfalen, oder en Aascht kéint ofbriechen, huet dëse misse ganz ewechgeholl ginn. Zanterhier gouf och schonn en neie Bam op dëser Platz geplanzt. Dës Kéier ass et awer e Lannebam.

Wéi den Direkter och erzielt, wier et ze schued gewiescht, de Bam einfach ewechzehuelen, ouni dësen a seng Geschicht am Musée z‘erhalen:

"Dat huet eis natierlech immens traureg gemaach, well dee Bam huet zu der Geschicht vun der Stad gehéiert, zu der Geschicht och vum Musée an do hu mer iwwerluecht, wéi kënne mer iergendwéi eppes vun deem Bam halen? Et wier ze schued gewiescht fir aus deem Bam nëmme Brennholz ze maachen, oder och Porte-clés oder Bicken. Ech mengen dat wier deem Bam do net gerecht ginn an dunn ass d'Iddi komm, komm mir froen d'Kënschtlerinnen, d'Kënschtler, fir doraus Konschtwierker ze schafen."

Aacht Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi zum Deel nach net an der Sammlung vun der Stad Lëtzebuerg ze fanne waren, goufen doropshin erausgesicht, fir aus engem Stéck Holz vun dësem Bam eng Skulptur ze maachen. De Jhemp Bastin, de Pitt Brandenburger, de Gérard Claude, d’Katarzyna Kot, de Jean-Paul Thiefels, de Laurent Turping, de Wouter van der Vlugt an d’Nadine Zangarini haten, direkt nodeems de Bam ëmgehae gouf, d'Méiglechkeet sech een oder méi Stécker Holz erauszesichen an doraus eng eege Skulptur ze schafen, déi de Luxembourg City Musée du kaaft huet.

An engem zweete Raum vun der Ausstellung, kritt een nieft dëse Skulpturen, och e Schnëtt vum Bamstamm mat de Liewensréng, déi an enger dendrochronologescher Analys vum Naturmusée den Alter bestëmmt hunn, esou wéi verschidden Objeten aus de leschten 165 Joer, ze gesinn. D'Ausstellung soll d'Vergänglechkeet vun allem Liewen zum Ausdrock bréngen an d'Visiteuren dozou invitéieren, sech mam Konzept vun der Zäit auserneen ze setzen.

Bis den 13. September kann een d'Ausstellung "De mémoire d’arbre" an de Luxembourg City Museum kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO