Och dëse Summer huele prominent Lëtzebuerger eis mat op hir Liblingsplaz an huele sech Zäit fir e längert Gespréich.

Mam Gast Waltzing a sengem léifste Bistro
 
De Gast Waltzing ass een vun de bekanntste Lëtzebuerger Museker. Hien ass Komponist, Dirigent an Jazz-Trompettist. An hie gëllt als musikalesche Grenzgänger.
 
2016 krut de Gast Waltzing zesummen mam Angélique Kidjo e Grammy fir "Best World Music Album" iwwerreecht. De wuel bis dato gréissten internationalen Erfolleg fir de gebiertegen Useldenger. E Meilestee fir seng professionell Karriär, ma awer och fir dat klengt Lëtzebuerg. Nation Branding at its Best.

RTL

De Gast Waltzing ass als Dirigent vill am Ausland ënnerwee, ma hien setzt sech awer och hei zu Lëtzebuerg vill dofir an, dass d’Musek weidergedriwwe gëtt. Sou huet hien den Orchestre National de Jazz Luxembourg gegrënnt an ass responsabel fir d’Vertoune vu sëllegen Tëlees- a Filmproduktiounen. Nach bis viru Kuerzem war hie Proff am Conservatoire an der Stad an huet do seng Begeeschterung fir Musek u jonk Talenter weiderginn.
 
De Gast Waltzing, ob op internationale Bünen oder als kreative Kapp hannert grousse Produktiounen, huet Musek zu Lëtzebuerg iwwert Joerzéngte gepräägt a mécht et nach ëmmer.

RTL

An der Emissioun Promispot weise bekannt Leit aus Lëtzebuerg eis dëse Summer hir Liblingsplaz a mir profitéieren dovunner, d‘Persounen och besser kennenzeléieren. Mat dobäi dëst Joer sinn ënner anerem de Serge Tonnar, Eric Mangen a Gast Waltzing.

Kuckt hei all d'Episode vum Promi-Spot.