Inspiréiert um kënschtlereschen, alternative Flair vu Brooklyn huet d’Staat Ettelbréck an de CAPE dëst Joer e multikulturellt Zesummentreffe vun nationalen an internationale Kënschtler op d’Bee gestallt.

Zu Ettelbréck war leschte Weekend rëm "Ettelbrooklyn". De Stroossefestival, dee mëttlerweil scho fir d'aachte Kéier organiséiert ginn ass, war dëst Joer mat engem ganz besonneschen Evenement vum CAPE zesummegefall. D’Kulturhaus feiert nämlech seng 25 Joer.
 
Déi international Break-Dance-Grupp "Flying Steps" huet am grousse Sall vum CAPE op Musek vu Bach gedanzt.
 
Am Kader vu sengem 25-järege Jubiläum huet d’Kulturhaus d’Expo PAST PRESENT FUTURE zesummegestallt. D’Ausstellung bléckt an dräi Deeler op d'Vergaangenheet an d'Géigewaart a se wërft e Bléck an d’Zukunft.
 
Den Deel "Future" vun der Expo, dee sech also mat der Zukunft befaasst ass participativ. Unhand vun ënnerschiddleche Workshoppen am Danz, am Zeechnen, an der Fotografie an der Musek soll sech d’Ausstellung bis de 14. Dezember lues a lues fëllen.  
 
De Programm iwwert d'Workshoppen oder d'Eventer, déi am Kader vun der neier Saison a vum 25. Jubiläumsjoer vum CAPE virun der Dier stinn, fannt dir hei.