Dem Heino säin Album "Mit freundlichen Grüßen" gouf an den éischten 3 Deeg esou dacks legal erofgelueden, wéi nach keng aner däitsch Plack.

E gouf esouguer méi dacks erofgelueden, wéi d'Albe vun der Plaz 2 bis 25 zesummen.

Alleng den Album "Mylo Xyloto" vu Coldplay aus dem Joer 2011 konnt dat toppen.

Um Album "Mit freundlichen Grüßen" presentéiert den Heino gecovert Versioune vu berühmte Rock- a Punkhits, wéi "Junge" vun den Ärzten oder "Haus am See" vum Peter Fox.

AUDIO: D'Radiosredaktioun schwätzt iwwert den neien Heino-Album.
RTL

Fir d'Hannelore ass den Heino "eine coole Sau"