Jakobswee: Bisenius a Bourone de 26. Januar zu Luerenzweiler

De Roland Bisenius zesumme mat sengem Iesel.
Den Dënschdeg, 26. Januar ëm 20 Auer schwätzen de Roland Bisenius an den Dany Bourone am Festsall bei der aler Gemeng zu Luerentzweiler iwwer de Jakobswee.
Zesumme mat sengem Aarbechtskolleg Dany Bourone geet de Roland Bisenius de Wee op Santiago de Compostela a Spuenien jo an Etappen. Dat Besonnescht un hirer Aart a Weis ze goen ass awer, datt si de Wee zesumme mat hiren 2 Ieselen Henry a Basile zréckleeën.
Dat bréngt mat sech, datt si méi lues ënnerwee sinn, op där anerer Säit si si domat awer och d'Attraktioun an esou muenechem klengen Duerf, an deem soss net esou vill lass ass.
2009 hunn de Roland Bisenius an den Dany Bourone déi grouss franséisch Jakobsstad Vézelay erreecht, si gëllt als ee vun de grousse Points de départ fir op Santiago de Compostela bei d'Graf vum hellege Jakobus ze pilgeren.
Den Dënschdeg, 26. Januar ëm 20 Auer schwätzen de Roland Bisenius an den dany Bourone am Festsall niewent der aler Gemeng zu Luerentzweiler (Kräizung Route de Blaschette - Route de Luxembourg) iwwert hir Erfahrungen um Camino de Santiago. Den Entrée ass fräi.