Stater Kulturzeen am TrauerAlbert Mousel am Alter vun 62 Joer gestuerwen

Roy Grotz
Den Albert Mousel war als Konscht-Amateur bekannt an huet sech aktiv op villen Niveaue fir Kultur, Musek an Theater-Produktiounen interesséiert an agesat.
© RTL Lëtzebuerg

Hien huet laang fir d’Stater Gemeng am Kapuzinertheater geschafft, wou hie vill fir den deemolegen Direkter Marc Olinger geleescht huet. Spéider huet den Albert Mousel de Café des Capucins iwwerholl, wou och kleng Cabaret-Produktioune waren a wou och de “Cabarenert” ëmmer seng Opféierungen an Tournéeën ugefaangen huet.

Virdrun hat hien e Bistro zu Nidderdonwen - op der Musel huet hien och reegelméisseg an der Lies gehollef.

Den Albert Mousel war och selwer als Acteur aktiv, notamment 1989 an der RTL-Produktioun “De falschen Hond”. 1995 war hie besonnesch vill am Kader vum Europäesche Kulturjoer engagéiert - dat ënnert anerem och fir de grousse Concert vun de Rolling Stones um Kierchbierg.

Vill Zäit huet den Albert Mousel och a senger zweeter Heemecht zu Trigance a Bargème am Süde vu Frankräich verbruecht.

Den Auteur an Acteur Claude Frisoni schreift an engem perséinlechen Äddi dëst iwwert den Albert Mousel:

“J’ai perdu un ami, un (si grand) petit frère, un tendre aux gros bras, un type généreux et aidant, un grand cœur, un homme de culture, un serviteur des arts et des artistes, un des vrais (et pourtant si humble) artisans du succès de Luxembourg 95, Capitale européenne de la Culture, un magicien des coulisses et de la technique, un costaud si fragile, un pur… mon Albert.”

Nieft dësem perséinleche Bäitrag fënnt een der vill op de soziale Reseaue vu perséinleche Frënn a Bekannte vum Albert Musel, déi hien all als häerzensgudde Mënsch beschreiwen, dee fir seng Engagementer gelieft huet an ëmmer fir jiddwereen do war.

Am Kader vun eiser Serie “Lëtzebuerger am Ausland” ware mir och 2021 beim Albert Mousel zu Bargème a Frankräich op Besuch

Episod 3 - Beim Albert Mousel a Frankräich
Den Albert Mousel wunnt zu Bargème, en Duerf am Süde vum Land, dat duerch säi mëttelalterleche Flair bestécht a spektakulär Vuen op d’Natur ronderëm bitt.

Back to Top
CIM LOGO