D'Wierk Guernica vum Picasso ass am Joer 1937 entstanen a war eng direkt Reaktioun op de spuenesche Biergerkrich an dem grousse Leed, deen déi kléng Stad Guernica erlieft huet. Ma wat stécht alles am monumentale Wierk? De Picasso huet nämlech op enger Toile vu 27 Quadratmeter alles vollgepaakt mat Symboliken. Am drëtten Episod vum Presto kucke mir op e puer Beispiller an op den Opbau vum bekanntste Wierk vum Picasso.
Mir reesen op Paräis, méi genau an de 6. Arrondissement an d’Rue des Grands Augustins. Hei hat de Picasso nämlech am Haus Nr. 7 vu 1936 u säin Atelier. An et ass och genau hei, wou Guernica entstanen ass. D'Fotografin Dora Maar, déi och dem Picasso seng Muse war, huet de kreative Prozess vum Wierk fotografesch festgehalen. E Wierk, dat sech vun der Kompositioun hir als zimmlech schwiereg erausgestallt huet, dat virun allem wéinst senger monumentaler Gréisst. Am Wierk ginn et e puer Indicen, déi Referenz op déi chrëschtlech Molerei maache kéinten. De Picasso huet Guernica an dräi Deeler opgedeelt, wéi bei engem Triptychon.
Zentral am Bild befënnt sech e Motiv, dat de Picasso schonn oft benotzt huet, nämlech dat vum Päerd, dat um stierwen ass. D'Päerd steet symbolesch fir dat grousst Leed. Den zerrassene Kierper a säin Ausdrock weise Péng a Panik. Iwwert dem Päerd gesäit een dann eng Luucht, déi hei fir dem Gott säin A kéint stoen. Op der lénker Säit am Bild gesäit een eng Mamm, déi kräischt, mat hirem verstuerwene Kand. Eng Referenz un dat chrëschtlecht Motiv vun der Pieta. Op der rietser Säit am Bild befannen sech siwe Flamen. Am Chrëschtentum steet d'Zuel "7" fir d'Apokalypse.
Da gëtt et nach de Stéier, dee fir Kraaft, Brutalitéit a Gewalt steet a gläichzäiteg e Symbol-Bild fir Spuenien ass. De Picasso selwer huet ni eng offiziell Interpretatioun vum Bild ofginn, dofir ginn et bis haut extrem vill Analysen an Theorien. Ma eppes ass ganz sécher, Guernica steet an allen Hisiichte fir e Vollek, dat gelidden huet, fir onschëlleg Affer, mënschlecht Leed, Angscht, Chaos an Zerstéierung. Ma awer och kleng Symboler vun der Hoffnung sinn am Bild ze fannen, wéi zum Beispill d'Blumm niewent dem Zaldot, dee gefall ass, d'Dauf, d'Symbol vum Fridden an d'Fra mat der Luucht.
De Picasso huet sech fir Guernica op d'Faarwe schwaarz, wäiss a verschidde Gro-Téin beschränkt. Doduerch kritt d'Bild en dokumentaresche Charakter an ënnersträicht esou de Misär. Hien huet realistesch Duerstellungen evitéiert, ma huet dofir awer eng metaphoresch Allegorie fir d'Péng kreéiert. An domat steet Guernica bis haut als universellt Zeeche géint Krich, Grausamkeet, Faschismus, a Villes méi. Guernica gëllt dofir als ee vun de stäerksten Anti-Krichsbiller aus der Konschtgeschicht.