Sonndesinterview mam IremAn der Museksbranche "muss ee sech als Fra einfach méi beweisen"

Bakir Demic
Mat der fréierer Kandidatin an Drëttplazéierter vum LSC hu mir iwwer den ESC, Fraen an der Museksbranche, Online-Hate an doriwwer, wat et bedeit, eng "Baddie" ze sinn, geschwat.
© Patrycja Pruchenska

E bësse méi wéi dräi Méint ass et elo hier, datt d'Irem Sosay an der grousser Finall vum LSC op der Bün vun der Rockhal stoung a säi Song "Bad Decisions (Hush Hush)" performt huet. Mat 122 Punkten ass et fir eng Victoire an domadder eng Participatioun um Eurovision Song Contest zu Wien leider net duergaangen, dofir awer fir eng anstänneg drëtt Plaz hannert der Gewënnerin Eva Marija an dem Steve Castile. Op d'Zäit vun der Virbereedung op den LSC an och de groussen Optrëtt selwer kuckt déi lëtzebuergesch Sängerin mat tierkesche Racinen awer weiderhi gär zeréck, och wann et nach ëmmer "e bësse surreal" wier.

Vill aneschters géif si réckbléckend net maachen: "Ech hunn ëmmer sou vill Saachen am Kapp, wann ech den Optrëtt gesinn, well ech u sou vill aner Saachen denke wéi just den Optrëtt: wéi et war kuerz virdrun? de Makeup? mat mengen Hoer huet net alles sou geklappt wéi et sollt an esou (...) Ech denken, stëmmlech gesi war et net meng bescht Performance, mee a mengen Oueren huet et gutt geklongen. Dofir weess ech net, wat ech an deem Fall anescht géif maachen. Dat ass sou dat eenzegt, wat ech mer als Kritik kéint ginn."

LSC 2026 - Irem mat "Bad Decisions (Hush Hush)"

"Karma is a Baddie"

Eng musikalesch Paus huet d'Irem nom LSC net ageluecht. Viru gutt engem Mount huet si mam däitsche Kënschtler Tim Baldus d'Single "Pastis" erausbruecht. Do virdrun, am Mäerz, hire vum Turnup Tun produzéierte Solo-Song "Karma is a Baddie". Eng "Baddie", wat ass dat eigentlech?

"Eng Baddie ass eng Persoun, déi sech net soe léisst, wéi et soll ausgesinn, wat et soll maachen (...) a säi Wee mécht, egal wat aner Leit soen", erkläert d'Irem. A genee dorëms geet et am Song och:

"Pardon, ist dir mein Outfit
Zu eng, zu knapp, zu kurz?
Wenn du so stark, so schlau bist
Sag mir, wie man Frau sein soll

(...)

Mama hat mir gesagt
"Steh deinen Mann, mach bisschen Drama
Zeig was du hast, hab keine Angst
Lass sie nur labern"

Mat Männer, déi engem virschreiwe wëllen, wat een ze maachen an ze loossen huet, huet an hat och d'Irem an der Vergaangenheet schonn ze dinn. Virun allem an der Museksbranche, an där si mat ville Männer zesummeschafft, géif dat méi dacks virkommen. Wichteg wier et der Sängerin no, seng Limitten ze setzen.

"Also wann ech eng schlecht Experienz mat engem hat, dann hunn ech och net weider mat deem geschafft oder ech sinn och net mat deem a Kontakt bliwwen. Also déi Linne muss een zéien, well soss geet dat net (...) Et gi Leit op jidder Fall, mat deenen ech net méi schaffen." Generell misst ee sech an der Museksbranche "als Fra einfach méi beweisen" wéi Männer, fënnt d'Sängerin. Och an der Wëssenschaft, engem weidere männerdominéierte Secteur, sinn ongerecht Behandlunge vu Frae keng Seelenheet. D'Irem huet a sengem Studium och dat schonn erlieft.

"Ech denken, dat gesäit ee sou bei Presentatiounen, déi Froen, déi ee gestallt kritt. Ech hat och sou Übungsleiter, wou een einfach gemierkt huet, dass se bei Frae vill méi streng bewäerte wéi bei Männer. Dat verstinn ech einfach net an dat war awer esou kloer ze gesinn, wat mega schued ass."

Online-Hate: "Ech reege mech villäicht eng Sekonn doriwwer op an dann ass et gutt"

An der Museksindustrie, virop an der Hip-Hop-Zeen, hunn an deene leschte Joren ëmmer méi weiblech Kënschtlerinne Fouss gefaasst. Enorme Succès an Däitschland genéisst aktuell beispillsweis d'Rapperin Ikkimel, déi mat hire provokanten a sexuellen Texter polariséiert. Dat gefält net jidderengem: An engem rezente Post op Instagram deelt d'Ikkimel haasserfëllt Messagen, déi et vu Männer geschéckt krut. "Abschaum", "Hoffe du stirbst bald", "Wünsche dir eine syrische Gruppenvergewaltigung": D'Noriichte sinn deels mënscheveruechtend. Firwat esou een Haass géint eng Musekerin, déi an hiren Texter u sech net vill aneschters rappt wéi hir männlech Kolleegen et déi lescht 30 Joer gemaach hunn?

"Dat ass generell ëmmer de Fall. Eng Fra kann e sexuelle Song maachen an dann ass dat iwwerhaapt net ok, mee bei Männer ass dat ok. Dat ass och bei vill méi schlëmme Saachen. Zum Beispill gëtt iwwert e männleche Rapper gesot, dass hie friemgaangen ass. For some reason, gëtt hien dann nach weider ugefeiert. A wann eng Fra awer dat géif maachen - ech soen net, dass friemgoen ok ass - mee wann eng Fra dat géif maachen, da gëtt hatt einfach komplett zerstéiert mat deem Onlinehate. Dat ass bei allem leider esou, dass eng Fra fir déi selwecht Saache vill méi Hate kritt wéi e Mann", fënnt d'Irem.

D'Lëtzebuerger Sängerin misst selwer och scho mol negativ Kommentaren erdroen, besonnesch fir hire Rapsong "Shirin" op deem si selbstbewosst optrëtt, iwwer Suen a Moud rappt an e "bësse méi flext", wéi si erkläert. Sou Kommentaren dierft een net ze no u sech erukomme loossen: "Ech reege mech villäicht eng Sekonn doriwwer op an dann ass et gutt".

An iwwerhaapt wier Onlinehate och dacks en Zeeche vu Bestätegung a sengem repsektiven Feld: "Et gëtt ëmmer gesot, dass wann een Hate kritt, dass een eppes richteg mécht. An ech denken, dat gesäit een och beim Ikkimel, beim Shirin David. Si hu jo awer mega vill Succès. A si si gutt an deem wat si maachen. An den Hate weist einfach nach méi, dass si dat gutt maachen. Dofir muss een et einfach esou gesinn. Well wann een déi Hate-Comments zu Häerzen hëlt, da muss een awer dorunner leiden", seet d'Irem.

Hire Rot u jonk Fraen oder Meedercher, déi en änleche Wee an der Musek goe wëllen, ass et, net ze vill drop ze kucken, wat aner Leit vun engem denken oder iwwer ee schreiwen an amplaz "einfach maachen". Ma och fir d'Männer huet d'Sängerin e wichtegen Tuyau: "D'Männer kënne vill méi supportiv sinn, vill méi oppe sinn, vill méi nolauschteren, wann eppes gesot gëtt, fir dass si dat och verstinn an net iergendwéi dann defensiv ginn oder sou (...) Ech hu meng Leit, mat deenen ech schaffen, mat deenen ech mega gär schaffen. Dat sinn natierlech och alles Männer, mee si versti mech halt a mir ginn eens. An ech denken, dass Männer sech déi Méi solle maachen, einfach e komfortabelen Espace fir d'Fraen ze erschafen."

"Am léifsten hätt ech, dass et bei Eurovision guer net ëm Politik geet, mee dat ass leider net de Fall"

Am Irem senger Studiestad Wien start en Dënschdeg déi éischt Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2026, Donneschdes dann déi zweet, an där d'Lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija mat "Mother Nature" untriede wäert. Mat senge fréieren LSC-Konkurrente Steve Castile an Hugo One, mat deene si haut nach befrënnt an a Kontakt ass, wäert d'Irem d'Halleffinall och kucke goen. Déi europawäit Boykottopriff wéinst der Zouloossung vun Israel sinn net un him laanschtgaangen an d'Sängerin äussert Verständnes fir dës: "Am léifsten hätt ech, dass et bei Eurovision guer net ëm Politik geet, mee dat ass leider net de Fall. Ech menge virun allem am Eurovision gesi mer awer, dass et wierklech politesch ass. A grad dowéinst sollt dann Israel banned sinn. Ech sinn och 100% där Meenung, dass Israel net sollt matmaachen."

Well Israel elo awer matmécht, hu fënnef Länner annoncéiert, dëst Joer kee Bäitrag op den ESC zu Wien ze schécken. Dat sinn Irland, Island, Holland, Slowenien an och eent vun de sougenannte "Big-Five-Länner" Spuenien. D'Irem fënnt dës Entscheedunge gerechtfäerdegt, versteet awer och déi aner Säit. Lëtzebuerg boykottéiert de Concours jo beispillsweis net. "Ech fannen dat gerechtfäerdegt, ech verstinn awer och, dass een dann awer de Punkt mécht a seet: 'Ech fannen et soll ëm d'Musek goen an dowéinst maachen ech mat.' An ech weess och, dass dat de Point de vue vu Lëtzebuerg ass, dofir ass dat ok wann een awer matmécht."

Sonndesinterview mam Irem
Mat der fréierer LSC-Kandidatin hu mir iwwer den ESC, Fraen an der Museksbranche, Online-Hate an doriwwer, wat et bedeit, eng "Baddie" ze sinn, geschwat.

"Ech schaffen ni mat der Visioun vun engem Album"

Wat steet an Zukunft nach am Liewe vun der 25 Joer aler Musekerin un? Eng Participatioun um LSC fir dat nächst Joer kënnt fir d'Irem den Ament net a Fro. Si ass grad matzen an enger Léierphas a wéilt hir Energie deementspriechend och an hire Master stiechen. Dat heescht awer net, dass ee sech net op weider Musek vun hir ka freeën. Eng ganz Rei Songs op Däitsch huet d'Irem parat an och een op Lëtzebuergesch, vun deem si awer nach net weess, ob si e rausbréngt. Op en Album oder eng EP schafft si net hin, éischter vu Single zu Single:

"Ech schaffen ni mat der Visioun vun engem Album. Also net ni, mee wann ech an de Studio ginn, dann denken ech alt, wat fir e Song entsteet haut? A wéi geet et mir elo grad? An dann ass gefillt all Song ëmmer e bëssen anescht. Ech fanne bei Alben ëmmer schued, dass et dann eng Lead-Single gëtt an déi déi meescht Opmierksamkeet kritt an déi aner Songs um Album do e bësse leide mussen."

Fir d'Irem wier et wichteg, dass all Song déi Opmierksamkeet kritt, déi e verdéngt. Am Zäitalter vun de Streamingservicer géif dat mat Alben net méi sou gutt klappen: "Et ass halt leider wéi et lo ass, dass et vill méi schnell geet, och mat der Musek. Et bréngt een een nom anere Lidder raus an et gëtt direkt alles vergiess soubal eppes Neies kënnt. Et ass leider vill méi schnell an et muss ee sech upassen."

Fest steet fir d'Irem och, datt si den Ament Mol haaptsächlech op Däitsch wëll Musek maachen, mee en eventuelle Mix mat hirer Mammesprooch, also op tierkesch, schléisst si fir d'Zukunft net aus. Dat si hir Schinn op däitsch weiderfiert schéngt op alle Fall keng schlecht Decisioun ze sinn: Op Spotify lauschteren entretemps ëmmerhin iwwer 100.000 Leit hir Musek.

Back to Top
CIM LOGO