Eurovision Song Contest 2026ESC zu Wien offiziell lancéiert: D’Eva Marija um "Turquoise Carpet"

RTL Lëtzebuerg
D’ESC-Woch zu Wien ass offiziell lancéiert. Um sougenannten "Turquoise Carpet“ hu sech déi 35 Delegatioune virun de Fans an der internationaler Press presentéiert - och eis Lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija.
© JESSICA GOW/TT News Agency via AFP

Fir d’Kënschtler ass dëse Moment eng vun de leschte grousse Geleeënheeten, nach emol Opmierksamkeet ze kréien, Fotoen ze maachen a vill Interviewen ze ginn. Zu Wien ass d’ESC-Stëmmung iwwerdeems ëmmer méi ze spieren: iwwerall an der Stad hänke Plakater, et gëtt nach Villes opgebaut an d’Fans reese lues a lues un. Schonn eleng 95.000 Tickete si fir déi eenzel Show verkaaft ginn. Den "Turquoise Carpet“ ass vum Burgtheater bis bei d’Wiener Rathaus gaangen. Begleet goufen déi 35 Delegatioune – wéi et sech fir Wien gehéiert – vun engem klasseschen Orchester, deen ëmmer nees Lidder aus de verschiddene Länner gespillt huet. Wärend dem Passage vun der Lëtzebuerger Delegatioun huet een de "Feierwon" héieren.

Den Optakt vum ESC zu Wien/Reportage Loïc Juchem

Eurovision Song Contest 2026: Zeremonie vum "Turquoise Carpet"
E Sonndeg de Mëtteg gouf den ESC offiziell lancéiert. Et ass all Joer de groussen Optakt vum Eurovision Song Contest – den "Turquoise Carpet".

D’Eva Marija huet de Moment genoss a sech vill Zäit fir Fans a Presse geholl. Fir déi 20 Joer al Sängerin ass et eng eemoleg Experienz.

“It is crazy, like all of them were cheering and showing so much love!” – Eva Marija

Beim Eurovision Song Contest gëtt et traditionell kee rouden Teppech, mee en "Turquoise Carpet". Vill Kënschtler notzen d’Evenement dofir, mat extravaganten oder spezielle Looks opzefalen.

“Bei eis ass et an dem Sënn eng Erausfuerderung, well d’Eva haaptsächlech op seng Perséinlechkeet zentréiert ass, mee mir hunn de Virdeel vun der Géi. Domat spillt et och heiansdo!” – Jeff Spielmann, den Head of Media vun der Lëtzebuerger Delegatioun.

Ronn 10.000 Fans waren um Rathausplatz mat dobäi an hunn d’Kandidate gefeiert, déi een nom aneren iwwer virun de Fans an der Presse defiléiert sinn. D’Eva Marija huet op alle Fall nach eng Kéier alles ginn, fir international Opmierksamkeet op Lëtzebuerg ze zéien. Déi éischt Halleffinall steet en Dënschdeg um Programm, déi zweet en Donneschdeg. Fir datt Lëtzebuerg dann awer an der grousser ESC-Finall e Samschde steet, musse mer et en Donneschden an d’Top 10 packen.

© JESSICA GOW/TT News Agency via AFP

Wéi geet et weider mam ESC Live-Programm bei RTL?

Dënschdeg, 12. Mee 2026

21:00 Auer: Éischt Halleffinall

Déi éischt Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2026 live vu Wien. Mat Lëtzebuerger Kommentar vu Raoul Roos a Roger Saurfeld.

Donneschdeg, 14. Mee 2026

20:00 Auer: RTL Spezial - Luxembourg Song Contest Documentaire

De Wee ob den Eurovision Song Contest zu Wien war fir d'Eva Marija lang! Ugefaangen huet alles um Luxembourg Song Contest Enn Januar an der Rockhal.

Wei hunn d'LSC Kandidaten déi eenzegaarteg Aventure deemools erlieft a wei eng Organisatioun stécht hannert dem grousse Musiksconcours.? Mir huelen iech mat an de Backstage!

21:00 Auer: Zweet Halleffinall

Déi zweet Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2026 mat der Participatioun vum Eva Marija live vu Wien. Mat Lëtzebuerger Kommentar vu Raoul Roos a Roger Saurfeld.

Samschdeg, 16. Mee 2026

20:00 Auer: ESC Warm-up live aus der Stadthalle zu Wien

An dëser Live Sendung hu mer déi läschten News ronderëm d’Eva Marija an dem ESC direkt vu Wien. Mir schwätze mat Experten, Sänger a Fans a kucken a Reportagen zréck op déi läscht Woche Preparatioun.

21:00 Auer: Déi grouss Finall

Déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2026 live aus Wien. Mat Lëtzebuerger Kommentar vu Raoul Roos a Roger Saurfeld.

Back to Top
CIM LOGO