Zu Clierf an der Cité de l’image kann een zanter dem 18. Abrëll d'Wierker vun zwou Fotografinnen entdecken, déi a Kënschtler-Residenzen entstane sinn. Ze gesi kritt een hei zwee ganz ënnerschiddlech Point de vue vun der Uertschaft Stilfs am Südtirol a vu Clierf. Wéi ëmmer an der Cité de l’image steet och des Kéier rëm d’Foto am Fokus. Mir waren eis d'Expoen ukucken an hunn déi zwou Fotografinne getraff, fir mat hinnen iwwert hir Wierker ze schwätzen.
"Trace de Passage" – esou heescht d'Fotosausstellung vun der Marie Capesius. An hiren Aarbechte gesäit een Elementer aus der Natur, Mënschen oder Deeler vum Kierper. Ma et spiert een awer direkt, datt dës Elementer net einfach zoufälleg erausgesicht goufen, mä symbolesch geluede sinn. All eenzel Foto, all eenzelt Motiv enthält Tracen oder Spueren aus verschiddenen Erënnerungen oder Momenter.
Am September 2024 ass d’Marie Capesius vun der Cité de l’image invitéiert ginn, fir an eng Kënschtler-Residenz zu Stilft an de Südtirol ze goen. 2025 huet si dann ee Mount zu Clierf an der Residenz verbrénge kënnen. D'Fotoen, déi si am Kader vun der Expo weist, sinn eng Selektioun aus béide Residenzen.
Schonn zanter fënnef Joer experimentéiert d'Marie Capesius mam Medium Polaroid. Fir si ass des Form vun der Fotografie eng Aart a Weis, fir méi spilleresch mat der Fotografie ëmzegoen. 2022 konnt een d'Fotografin bei "Generation Art" gesinn, schonn do huet si gäre mat Polaroids geschafft a sech mat de verschiddenen Effekter vu faarweger a monochromer Fotografie auserneegesat.
D'Musek déi een héiert, wann een duerch d'Expo geet, ass eng Kompositioun vun der Kënschtlerin.
D'Kënschtler-Residenz zu Stilft ass am Kader vun engem Austausch-Programm mat der Cité de l'image zu Clierf gelaf. Wärend d'Marie Capesius eng Residenz zu Stilft ugetrueden ass, ass déi éisträichesch Fotografin Karin Schmuck op Clierf an d'Residenz komm.
Nach bis de 17. Mee kann een d'Expoe vun den zwou Kënschtlerinnen op Clierf kucke goen. An am Kader vun de Luxembourg Museum Days kann een d’Marie Capesius de 17. Mee bei engem "Meet The Artist" treffen.