Tony Schuster am Alter vu 87 Joer gestuerwenAls Museker a Komponist huet hien d’Lëtzebuerger Musekszeen mat gepräägt

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 87 Joer ass de Musiker a Komponist Tony Schuster gestuerwen.
"Du spënns'' aus dem Joer 1981
Gesang: Fernand Fox an Aly Bintz
Piano: Tony Schuster

Den 22. November 1936 ass den Tony Schuster zu München op d’Welt komm. An de 60er Joren ass hien op Lëtzebuerg komm an huet als Komponist a Museker geschafft. Hien huet d’Luxembourg Singers gegrënnt an ass mat hinnen uechter Europa opgetrueden.

Engem breede Public ass hie bekannt ginn duerch seng Kompositioune fir de Kasemattentheater an d’Lëtzebuerger Revue.

Zu Esch am Conservatoire huet hie bis 1997 Musekscoursë ginn, dat an der Trompett an am Piano.

Back to Top
CIM LOGO