
Wie sech fir Kino interesséiert oder op där enger oder anerer sozialer Plattformen aktiv ass, dierft matkrut hunn, datt d’Filmlandschaft 2023 vun zwee Filmer markéiert gouf: Barbie an Oppenheimer. Zesummegerechent huet “Barbenheimer” ewéi een dëse Phänomen genannt huet plus minus 2 Milliarden Dollaren eragespillt woubäi Barbie fir méi ewéi d’Hallschent vun deem Gewënn responsabel ass.

Komesch also, datt d’Regisseurin vu Barbie, d’Greta Gerwig, net fir d’Oscaren nominéiert gouf, dofir awer de Christopher Nolan, Regisseur vun Oppenheimer. Kéint et also sinn, datt d’Nominatioun fir déi bescht Regie näischt mam Succès vum Film ze dinn het? Vläicht ass d’Direktioun vum Greta Gerwig ewéi och d’Performance vum Margot Robie (Produzentin an Haaptschauspillerin am Film - och hat gouf net fir seng Roll nominéiert) einfach net gutt genuch. E fairen Aworf, deen een ouni Weideres vertriede kann. Well esou staark ewéi de Message vu Barbie och ass, d’Spill vum Margot Robie ass net mat deem vum Carey Mulligan (Maestro), Sandra Hïller (Anatomy of a Fall) oder Lily Gladstone (Killers of the Flower Moon) ze vergläichen. An dat bréngt eis zur Aarbecht vum Gerta Gerwig als Regisseurin. Well jo Barbie liwwert eng pertinent an interessant Approche un d’Thema Feminismus a Chancëgläichheet, immens Dekoren an deelweis gewetzten Dialoger. A fir all dat, gouf de Film jo och aacht mol nominéiert. Mee a Punkto Regie a Schauspill, ass Loft no uewen.
Wou ass dann elo de Problem? Dee kéint een dora gesinn, datt d’Nominatioune fir déi bescht Regie alt virun Aen hält, wie Geschichten erzielen dierf. An an deem Fall sinn et eebe virun allem Männer (an eng Fra), souguer dann, wann et ewéi bei Poor Things, Geschichte sinn, déi sech als emanzipatoresch feministesch Narrativer verstinn. An do kann een de Verdeedeger vum Gerta Gerwig recht ginn, wann se behaapten, dës Net-Nominatioun géing d’Ausso vum Film Barbie – datt Fraen ëmmer nach duerch patriarchal gesellschaftlech Strukturen onsiichtbar gemaach ginn, confirméieren. Virun allem, wann ee gesäit, datt de Ryan Gosling fir seng Nieweroll als Ken nominéiert gouf. An déi iwwertrëfft a kengem Punkt déi vum Margot Robie. Gläichzäiteg muss een och ënnersträichen datt d’America Ferrera och fir hir Nieweroll am Barbie nominéiert gouf.

Hëlt ee sech d’Nominéierter an der Kategorie Regie mol ënnert d’Lupp ass och schnell e Roude Fuedem fonnt. Well et sinn net nëmme Männer, se erzielen och d’Geschichte vu ... Männer. Souwuel de Scorsese ewéi och de Nolan an de Glazer, interesséiere sech nämlech fir Personnagen d’Geschicht vun der Mënschheet op eng destruktiv Aart a Weis gepräägt hunn. Wärend déi eng indigeene Vëlker ausgebeut a ermort hunn (Killers of the Flower Moon), huet en aneren zur entwéckele vun enger Bomm bäigedroen déi méi ewéi 200.000 Mënschen d’Liewe kaschte sollt (Oppenheimer) an da wier do nach de Rudolf Höss, Kommandant vun Auschwitz, deem een de Mord vun 1.1 Millioune Mënschen zouschreiwe kann (Zone of Interest). Et schéngt also, ewéi wann et der (Film-)Gesellschaft wichteg wier, donkel Säiten aus der Geschicht ze verschaffen. Fir se besser ze verstoen, se net méi ze widderhuelen? Dat bleift nach ze gesinn. Op jiddefalls ass der Ausenanersetzung mat dësen historesche Kapitele per se näischt auszesetzen. Ausser vläicht, datt dës all vu Männer verfilmt goufen. Well d’Geschicht bekanntlech vun de Gewënner geschriwwe gëtt? Oder musse mir mol d’Vergaangenheet verschaffen, éier mer eis mat der Géigewaart beschäftegen?
An déi zwee anere Regisseur:innen? Ugefaange mam Justine Triet a sengem Film Anatomy of a Fall. E Wierk, dat zanter senger Sortie ee prestigiéise Präis nom anere gewonnen huet, dorënner d’Palme d’or zu Cannes an zwee golden Globes. E film, dee staark zesummegefaasst d’Geschicht vun enger erfollegräicher Fra erzielt, där virgeworf gëtt hire Mann ëmbruecht ze hunn, well deen net an hirem Schiet liewe wollt. Dann de Yorgos Lanthimos mat sengem Poor Things. D’Odyssee vun enger Fra, déi d’Welt duerch déi ongefiltert Ae vun engem Kand gesäit a sech weider entwéckelt an emanzipéiert, woubäi se sech ëmmer nees aus der Gitt vu Männer déi si - ugezu vun hirer kannereger Natur, kontrolléiere wëllen. Ha, also dach e feministescht Narrativ! Jo, ma erzielt vun engem Mann. Fir d’Moyenne geet et net duer. Peut mieux faire, géing et an der Schoul heeschen.

Fazit? Schlechten Timing, eng ze staark Konkurrenz oder huet Hollywood ëmmer nach e Problem mat Chancëgläichheet? Warscheinlech eng Mëschung vun allem. Jiddefalls léisst sech de Choix vun der Akademie aus engem reng filmesche Wénkel duerchaus verstoen.
Trotzdeem ass et 2024 net normal, datt fir fënnef Nominéierungen an der Kategorie Regie nëmmen eng Fra present ass. Well un talentéierte Regisseurinne feelt et sécher net. Hei eng kleng Selektioun: Céline Song (Past Lives), Kelly Fremon Craig (Are you there God? It’s me Margaret) Molly Manning Walker (How to Have Sex) Georgia Oakley (Blue Jean) d’Tinar Setter (Reality) Lola Quiveron (Rodeo).