
Een vun de wichtegsten an aflossräichste Vertrieder vun der zäitgenësseger Konscht, de Britt David Hockney, ass dout. Wéi et heescht ass hien en Donneschdeg am Alter vun 88 Joer a senger Wunneng zu London gestuerwen. Dat huet seng Agentin e Freideg matgedeelt.

Déi brittesch Tate-Galerie zu London huet den Hockney eng Kéier als de "villäicht beléiften a villsäitege Kënschtler vum 20. Joerhonnert" bezeechent. Seng dacks fuerweg Wierker hänken an de gréisse Muséeën op der Welt. Säi Bild "A Bigger Splash" oder "Portrait of an Artist (Pool with Two Figures)", dat 2018 fir ronn 78 Milliounen Dollar zu New York versteet gouf hat e Rekord opgestallt, well et zu deem Moment dat deierst Bild vun engem liewege Kënschtler war.